Radioen

On air

Moiesstudio  |  Physik einfach erkläert op Tiktok - geet dat?

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Den Yves Cruchten fuerdert Sanktioune géint Israel

Wéinst Militäraktiounen

Den Yves Cruchten fuerdert Sanktioune géint Israel

De Vizepresident vun der aussepolitescher Chamberkommissioun fuerdert wéinst de Militäraktiounen an der Gazasträif an am Libanon Sanktioune géint Israel. 

auto_stories

1 min

headphones

4 min

play_arrow
Foto: Chris Zeien

Den Yves Cruchten seet, Israel wier fir eng humanitär Katastroph an der Gazasträif responsabel an och am Konflikt mat der Hisbollah wier keng Exit Strategie vun der israeelescher Arméi siichtbar, sou den Yves Cruchten. Israel hätt duerchaus Recht op Selbstverdeedegung, mee Israel wier awer responsabel fir déi humanitär Katastrof an der Gazasträif, an déi israelesch Regierung géif kee Mooss kennen, esou den Yves Cruchten.

Op déi iranesch Rakéitenattack vun en Dënschdeg ugeschwat, äntwert den LSAP-Deputéierten, datt hien trotzdeem nach d'Hoffnung hätt, datt et net zu weideren Eskalatioune kënnt.

Den Yves Cruchten am Gespréich mam Maurice Molitor

Lauschterenplay_arrow