Radioen

On air

Thé Dansant  |  Pink Floyd - Comfortably Numb

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den OGBL geet wéinst dem Transfert vun den Aktivitéite bei HUT viru Geriicht

Aarbechtsrecht

Den OGBL geet wéinst dem Transfert vun den Aktivitéite bei HUT viru Geriicht

Den OGBL geet op d‘Geriicht an Zesummenhang mam Transfer vun de Caritas Aktivitéite bei déi nei Entitéit „Hëllef um Terrain“ – kuerz HUT. Dat seet de Smail Suljic, OGBL Zentralsekretär fir de soziale Secteur.

auto_stories

2 min

headphones

7 min

© Morgane Weidig play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Hie kéint verstoen, datt déi meeschte Caritas-Salariéen nei Kontrakter bei HUT ënnerschriwwen hunn, obwuel den OGBL hinnen dovun ofgeroden huet, seet de Smail Suljic. Hie kéint de Leit nämlech net garantéieren, datt se soss den nächste Mount.

"Also mir sinn eng an der Situatioun, dat ass Wilder Westen. Do ginn d'Leit ran erausgeruff ënnerschreiwen oder géi. Also dat ass wierklech eppes, wat et nach net ni gouf. An ech fäerte ganz, datt dat heiten ee Prezedenzfall ass."

Essentiell Klauselen a Kontrakter geännert

D'Salairen an d‘Anciennetéit wieren an den neie Kontrakter mat HUT zwar mat iwwerholl ginn, verschidde Leit hunn awer Klauselen an hire Kontrakter gehat, déi virgesinn, datt si méi flexibel kënnen agesat ginn, wéi dat bis elo de Fall war.

"An all anere Betrib muss een do Preavisen anhalen. An hei hu mer dee Preavis a sech einfach nëmmen ëmgaangen, andeem misst mer deen anere Kontrakt resiliéiert hunn."

D‘Stëmmung ënnert dem Personal wier schlecht, beim OGBL hätten de ganzen Dag Leit sech gemellt, déi net wësse wat se solle maachen. D‘Gewerkschaft hätt de Leit dann och geroden, fir bei HUT nei Kontrakter z'ënnerschreiwen, wa se den Drock net géifen aushalen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Caritas
Politik a Gesellschaft