Radioen

On air

Thé Dansant  |  Otis Redding - Hard To Handle

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Staat wäert der Caritas awer weider Suen zur Verfügung stellen

5 Milliounen Euro

De Staat wäert der Caritas awer weider Suen zur Verfügung stellen

De Premier Luc Frieden huet de Mëttwoch de Moien e “klengen Iwwergangskredit” ugekënnegt, fir datt déi kathoulesch ONG hir Aktivitéiten uerdentlech kéint ofwéckelen.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Chambre des Députés/Flickr

De Premier Luc Frieden huet sech de Moien zefridde gewisen, datt am Dossier Caritas wichteg Ziler erreecht gi wieren. De Leit, déi bei Caritas schaffen, wier gehollef ginn, an d’Aktivitéiten um Terrain géife viru goen, esou de Regierungschef no enger Sitzung vu siwe Chamberkommissiounen.

Carole Hartmann: Eng "responsabel" Haltung

Ugekënnegt gouf de Moien och, datt elo awer nach staatlech Suen un d’Caritas solle fléissen. De Premier huet vun engem Prêt vu véier bis fënnef Milliounen Euro fir d’Caritas geschwat, fir datt d’Aktivitéiten uerdentlech kéinten ofgewéckelt ginn.

"An dofir hu mir gesot, da maache mir ee klengen Iwwergangskredit: Mir ginn net déi Suen, well dat geet net wéinst de Banken (...) maache mir ee klengen Iwwergangskredit, bis Enn dës Jores, dee mir garantéieren duerch eng Hypothéik op Immobilie vun der Caritas."

Der DP-Deputéierter Carole Hartmann no wier dësen Iwwergangskredit geduecht, "fir Engagementer vis-à-vis vun Entreprisen awer och Engagementer vis-à-vis vu Personal, déi nach do sinn, och weider ze assuméieren."

"Dat ass a mengen Aen eng responsabel Haltung. A mir schwätzen do net vun deene selwechte Montanten, déi gebraucht sinn, fir déi ganz Aktivitéit vu Caritas och weiderzeféieren."

D'Carole Hartmann huet och gesotdatt aktiv géif doru geschafft ginnfir ee Sozialplang bei Caritas ze evitéieren.

LSAP an déi Gréng wonnere sech iwwer d‘Annonce

Op Säite vun der Oppositioun huet d’LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding sech iwwerrascht iwwert den ugekënnegten Iwwergangskredit fir d’Caritas gewisen.

Et wier “erstaunlech”, datt et elo op eemol méiglech wier, datt awer nach staatlech Suen un d’Caritas fléissen, esou déi gréng Deputéiert Djuna Bernard.

Den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum huet d'Kreatioun vun der neier ASBL HUT staark kritiséiert.

"Hätt een dat net kënnen éischter ukënnegen, éischter gesinn, éischter maachen, an aner Léisunge fannen, wéi eng nei parastaatlech Institutioun wéi HUT ze schafen, wou reng de Frëndeskrees vum Luc Frieden ass. An déi offensichtlech, hir Haaptbeschäftegung am Moment dora besteet, ass Aarbechtsrecht ze briechen."

D’DP-Fraktioun wier net a priori géint d’Schafe vun enger Chamber-Spezialkommissioun fir den Dossier Caritas, esou nach d’Carole Hartmann. Dës Fro géif sech fréistens den 10. Oktober an der Chamberplenière stellen, esou den CSV-Fraktiounschef Marc Spautz, ouni wëllen ze soen, wéi seng Fraktioun sech dozou positionéiert.

An de Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht Xavier Bettel huet haut um Mëttwoch gesot, datt een déi lescht Deeg vun der Caritas matgedeelt kritt, datt Kollateralschied kéinten entstoen, wa keng Sue méi fléissen: Dräi Associatiounen an dräi verschiddene Länner géife riskéieren ze verschwannen. Dowéinst soll a sengem Ministère eng Enveloppe vu bis zu 200.000 Euro fonnt ginn, fir dräi Projeten a Moldawien, Mali an an der Tierkei, esou de Xavier Bettel.

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Caritas
Politik a Gesellschaft