Radioen

On air

9 bis 1  |  Stephen Ellen Starar - Happiness (Dance Floor Edit) - The 1975

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Caritas-Personal am Südsudan waart nach op d'Salairen

No Finanzbedruch

Caritas-Personal am Südsudan waart nach op d'Salairen

55 Leit, déi am Südsudan fir d’Caritas Lëtzebuerg geschafft hunn, kruten hir lescht Paien nach ëmmer net ausbezuelt. Elo ass endlech eng Léisung fonnt ginn, fir Suen, déi de Bistum spent, sécher vu Lëtzebuerg an de Südsudan ze iwwerweisen. Obwuel dat guer net erlaabt ass. 

auto_stories

4 min

headphones

6 min

play_arrow

Et gëtt een internationalen Embargo. Just am Fall vun humanitärer Hëllef kënnen d’Banken Ausname maachen. An och da si Geldiwwerweisunge komplizéiert a riskant.

Iwwerweisung iwwer d'Caritas an Holland

Ze riskant fir de Bistum, dee virun engem Mount annoncéiert hat, déi 310.000 Euro ze spenden, déi d’Personal am Südsudan nach ze gutt huet. No éischten Iwwerpréiwunge wier kloer ginn, datt de Bistum déi Sue selwer net kéint iwwerweisen, sot de Michael Feit vun der Caritas Lëtzebuerg dem 100,7.

Amplaz huet eng aner Léisung misse fonnt ginn: Lo ginn d’Sue via déi hollännesch Caritas iwwerwisen.

"Eine Zahlung des Bistums nach Holland war kein Problem. Von Holland ist es auch kein Problem gewesen.”

D‘Cordaid - sou heescht d‘Caritas an Holland - huet selwer och schonn zënter Jore Projeten am Südsudan an deementspriechend Erfarung mat der Logistik vun esou Iwwerweisungen.

Hiren Job huet d'Caritas Personal trotzdeem verluer

De Paul Borsboom vu Cordaid seet, datt d’Suen Enn lescht Woch dann och effektiv iwwerwise goufen. Haut um Méindeg sinn d'Suen am Südsudan ukomm. Wat eng riseg Erliichterung ass, besonnesch fir déi 50 Südsudaneesen a Südsudaneesinnen, déi zum Personal gehéieren. Fir si ass dee Salaire iwwerliewenswichteg. Hiren Job hu si trotzdeem verluer.

De Michael Feit vu Caritas Lëtzebuerg seet, datt d’Personal an hir Familljen, déi och dacks vun deem Akommes ofhänken, riskéieren an d’Aarmut ze rutschen.

Déi mannst hätte bis elo eng Aussiicht op een aneren Job, sot mir den David Pacoto Langoya. Hien ass Südsudanes an huet dräi Joer fir d’Caritas Lëtzebuerg geschafft. Fir hie selwer gëtt et am Moment nach keng nei Perspektiv.

"D’Ënnerstëtzung fir meng Famill an aner Leit wäert net méiglech sinn. Dat ass schrecklech. Dat heescht, wann dowéinst een net méi an d’Schoul ka goen, datt mir Dreem futti maachen. Et ass eng traureg, traureg Situatioun. A leider hu mir bis elo keng Léisung fonnt.”

Projeten: Hannert de Kulissen deet sech eppes

Bis elo huet et sou ausgesinn, wéi wann d‘Projeten definitiv gestoppt ginn.

Mee hannert de Kulissen huet sech awer an de leschte Wochen sou munches gedoen. Well Cordaid, also déi hollännesch Caritas, ass net just hei bei der Iwwerweisung vun de Salairen agesprongen, mee ass och bereet fir eenzel Projeten ze retten. An dat och méi laangfristeg, wéi bis ewell geduecht. Wann de Lëtzebuerger Ausseministère da bereet ass, d’Aktivitéite mat ze finanzéieren. An déi Gespréicher sinn elo am Gaangen.

“Wat mir der Regierung proposéieren ass virop d’Bedreiwe vun den zwee Gesondheetszentren an dem Spidol, bis Enn 2025. Da géife mir als zweet och gär een Ernärungsprogramm maachen. Drëttens wéilte mir Fraen, déi no der Gebuert eng chirurgesch Interventioun brauchen, gäre weider behandele kënnen.”

Projete fir Gesondheetsaccès an Ernierung hu Prioritéit

Prioritäert Zil ass also fir de Gesondheetsaccès ze sécheren, deen d’Caritas Lëtzebuerg elo fir iwwer 60.000 Leit am Südsudan garantéiert huet. An da méiglechst doriwwer eraus nach Aktivitéiten ze retten, fir ënnerernierte Fraen a Kanner ze hëllefen.

Cordaid wëll d’Gesondheetszentren op Solarenergie ëmstellen. An och dofir suergen, datt dës Aktivitéite vum nationale Gesondheetssystem kënnen iwwerholl ginn.

Ob dat eng Perspektiv ass, fir déi 55 Leit, déi fir Caritas Lëtzebuerg geschafft hunn, bleift nach ze gesinn. Dat Personal war haaptsächlech fir d’Gestioun vun de Landwirtschafts- an Ernärungsprojeten zoustänneg. D’Gesondheetszentren hunn hirt eegent Personal.

Wa Cordaid elo géif vum Lëtzebuerger Ausseministère ënnerstëtzt ginn, fir méiglechst vill Aktivitéite vu Caritas Lëtzebuerg ze iwwerhuelen: Wee weess, vläicht wier dat dann och fir dat fréiert Personal vu Caritas Lëtzebuerg am Südsudan een Hoffnungsschimmer.

Gespréich mam Pia Oppel lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Caritas
Politik a Gesellschaft