Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Den OGBL akzeptéiert keng Leeschtungsverschlechterunge bei de Pensiounen

Diskussiounen iwwer d'Pensiounsreform

Den OGBL akzeptéiert keng Leeschtungsverschlechterunge bei de Pensiounen

Den Toun wier méi rau ginn an d‘Stëmmung méi schlecht, esou resüméiert d‘OGBL-Präsidentin Nora Back d‘Conclusiounen aus dem Nationalvirstand vun en Dënschdeg.

auto_stories

1 min

Foto: Chris Zeien

Mat Bléck op d'Diskussiounen ëm d'Pensiounsreform wier ee solidaresch mam LCGB an et géif ee keng Leeschtungsverschlechterungen akzeptéieren. Inakzeptabel wier iwwerdeems wéi mam fréiere Caritas-Personal ëmgespronge gi wier.

D'Nora Back

Lauschterenplay_arrow

"Dat geet net, wat den Här Frieden a seng Kolleege vu PricewaterhouseCoopers hei bei HUT en place gesat hunn. Dat ass e Modell, deen zu Lëtzebuerg net gefuer gëtt."

Wann dat d‘Method wier mat där d‘Regierung wéilt virgoen, da misst si mat der Äntwert vum OGBL rechnen, sou d'Nora Back.