Wann et drëm geet, sech fir den Alter finanziell ofzesécheren, dierft et op kee Fall dozou kommen, datt Salariéen aus dem Privatsecteur sech privat verséchere missten, fir iwwer d’Ronnen ze kommen, huet den LCGB-President Patrick Dury gëschter virun engem volle Sall am Munnerefer Casino betount. Dat mat engem Message un de Premierminister Luc Frieden:
“Dir hutt eis vermëttelt, datt Dir fir e respektvollen Ëmgang hei am Land wëllt antrieden. Da musst Dir och an Ärer Regierung déi Membere bremsen, déi mat Demagogie a Populismus d’Aarbecht vun de Gewerkschaften an hir Memberen erofmaachen. Da musst Dir wëssen, datt Privatiséierung, also d’Ersetze vun eisem Rentesystem duerch d’Pension complémentaire, keng seriéis Piste ka sinn.”
LCGB: Pensioune wiere fir déi nächst Joerzéngten ofgedeckt
Déi finanziell Situatioun vun der Pensiounskeess wier och net sou dramatesch wéi d’Ministesch fir d’Sécurité Sociale, Martine Deprez, dat rezent duergestallt hätt, ënnersträicht de Patrick Dury. D'Reserve vu 24,5 Milliarden Euro kéint d'Pensioune fir déi nächst Joerzéngten ouni Problemer ofdecken, sou seng Aschätzung.
De President vum LCGB seet och, et géif net stëmmen, datt - wéi d'Ministesch et gesot hätt - Ongerechtegkeeten am aktive Liewen sech och an de Pensioune géifen erëmspigelen. Villméi géifen et aner, méi déif gräifend Ongläichheete ginn.
“Madamm Ministesch, déi eenzeg Ongerechtegkeet, déi hei besteet, dat sinn déi Ongerechtegkeeten, déi tëscht Privatsecteur an der Fonction Publique bestinn. Madamm Ministesch, Dir sidd blann fir dës Ongerechtegkeeten, well Dir sidd jo selwer ee Staatsbeamten."
Dräi Sëtz dobäigewannen ass dat grousst Zil
Mam Slogan “Muer ee Schrëtt viraus” geet den LCGB dann an d'Sozialwale vum 12. Mäerz. De chrëschtleche Gewerkschaftsbond kuckt mat enger décker Portioun Zouversiicht op dee Rendez-vous, bei deem net just déi 60 Membere vun der Salariatskammer nei gewielt ginn, mee och d'Personaldelegatiounen an de Betriber. Den LCGB-Generalsekretär Francis Lomel huet gëschter Owend betount, et hätt ee sech virgeholl, no dëse Wale vun 18 op 21 Sëtz an der Chambre des Salariés ze klammen.
“Mir hunn dat d’leschte Kéier erreecht. An dës Kéier huet dës Organisatioun, dës Gewerkschaft, sech nach eemol d’Zil gesat, mat de Sekretären, mam ganze Personal vum LCGB, déi dräi Sëtz Plus ze erreechen.”
En attendant wier den LCGB prett fir mat den anere Gewerkschafte bis zum äussersten ze goen, fir de Lëtzebuerger Sozialmodell ze verdeedegen, sou nach de Patrick Dury.