Radioen

On air

Al Schanken  |  Marianne Faithfull - Times Square (Live)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Den IWF korrigéiert seng global Wuesstumprognos no ënnen

International Wirtschaft

Den IWF korrigéiert seng global Wuesstumprognos no ënnen

Den Internationale Wärungsfong huet seng Prognos fir de weltwäite Wuesstem nach emol no ënne korrigéiert. Den IWF erwaart eng Croissance vun 2,9 Prozent fir d‘nächst Joer, 0,1 Prozentpunkt manner wéi dëst Joer an 0,6 Punkte manner wéi d‘lescht Joer.

auto_stories

1 min

Domat ass d‘Weltwirtschaft historesch schwaach an erhëlt sech nëmme lues vun de Suitte vun der Coronapandemie, dem russesche Krich an der Ukrain an der héijer Inflatioun. D‘Croissance géif méi lues dréinen, si wier awer net zum Stëllstand komm, sou den IWF. Weltwäit ginn et och grouss Ënnerscheeder. An den Industrienatiounen huet sech de Wirtschaftswuesstem méi staark ofgeschwächt wéi an de méi aarme Länner.

Fir Däitschland huet den IWF seng Prognos nach emol no ënne revidéiert: e rechent mat engem Réckgang vun engem hallwe Prozent fir dëst Joer, am Juli war den Internationale Wärungsfong nach just vun 0,3 Prozent Réckgang ausgaangen.