Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Donald Trump behaapt, de Prozess géint hie wier politesch motivéiert gewiescht

USA

Den Donald Trump behaapt, de Prozess géint hie wier politesch motivéiert gewiescht

Nodeems de fréieren US-President am Prozess um Geriicht zu New York fir schëlleg gesprach gouf, huet den Donald Trump op enger Pressekonferenz déi Decisioun vum Jury politesch motivéiert wier.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance

Virun der Press huet hie sech iwwert de Riichter opgereegt an hie beleidegt, grad ewéi seng politesch Géigner. Den US-amerikanesche President Joe Biden bezeechent den Donald Trump no sengen Attacke géint d’Geriicht als dee schlechtsten an dommste President vum Land.

Den Donald Trump huet direkt betount, datt hien an Appell géif goen.

D’Strof gëtt den 11. Juli annoncéiert.