De Wiessel op den Alex Schumann geschitt virun engem Hannergrond vun Energiekris, Inflatioun an enger Tripartite, déi dowéinst aberuff gëtt. De Produktiounsdirekter bei der Goodyear muss deemno op wichtegen Theemefelder schaffen.
Kloer Reegelen
Esou datt et am spéide Moie fir hien net evident war ze soen, wourop hie sech konzentréiere géif: Et misst ee wuel bei ganz ville Sujete reagéieren.
Prioritéite si fir den Alex Schumann weider Investissementer an d’Industrie, d’Energiekäschten, déi ee misst am A behalen an de Steierkader fir Entreprisen. Donieft géif et gëllen, d’Salariéen ze forméieren an et misst ee sech d’Fro stellen no der Aarbechtsorganisatioun.
“Ech mengen, eis Mataarbechter, déi hätte gär Flexibilitéit. Mir hätten der gär och. D'Reegele musse kloergestallt ginn.”
Schwéier Zäite fir de President
Den neie President vun der Industriellefederatioun huet ënnerstrach, datt d’Beschäftegung hei am Land just am ëffentlechen Déngscht an d’Luucht géif goen. Duerch den Asaz vu Kënschtlecher Intelligenz kéint een déi vläicht manner wuesse loossen.
Och säi Virgänger Georges Rassel huet betount, datt d’Presidence vum Alex Schumann an eng schwiereg Zäit géif falen.
“(...) wou mir hei zu Lëtzebuerg eng ganz - wann iwwerhaapt nach eng Croissance - geréng Croissance hunn, wou mir och quasi, jiddefalls am Privé, keng Leit méi kënnen astellen doduerch.”
D’lescht Joer wier markéiert gewiescht vu villen Onsécherheeten, wat ni gutt wier fir d’Geschäft, mee dëst Joer géif et nach manner Stabilitéit ginn.
Am Fall vun Energiekris kéinte verschidden Industrien ausfalen
Déi aktuell Energiekris dierfte mir an den nächste Méint nach weider ze spiere kréien, eng Kris, bei déi d’Inflatioun dobäi kéim: An deem Hibléck misst déi ugekënnegt Tripartite virbereet ginn, esou de FEDIL-President vu bis elo.
Et géif ee sech iwwerdeems och eemol d'Woch mam Energieminister Lex Delles gesinn, fir iwwer d'Energiekris ze beroden, esou den Direkter René Winkin. Sollt et wierklech zu Enkpäss mat beispillsweis Kerosin ginn, da géife sech Froe stelle ronderëm d'Aktivitéit vun de Leit.
"Et ass jo net ausgeschloss, datt déi eng oder aner Industrie, déi vläicht elo méi um Diesel hänkt oder wann een Transportproblemer hätt, déi approvisionéiert gëtt iwwer Schinnen, datt déi ausfalen: Da kann et och ginn, datt mir mussen déi Situatioun iwwerbrécken."
D’Industriellefederatioun preparéiert sech dann och op dës annoncéiert Theemen, ouni Fuerderungen ze stellen, wéi et geheescht huet. Well esou wéi d’Staatsfinanzen ausgeséichen, wier et och net d’Zäit, fir mat de Sue ronderëm sech ze geheien.