An Europa gëlle Fräschenhamen als Delikatess. Véier Aarte Waasserfräschen, vun deenen d‘Fräschenhame kommen, sollen op d‘Schutzlëscht kommen.
Der Organisatioun Pro Wildlife no, ass d‘EU de gréissten Importer vu Fräschenhame weltwäit. Déi exzessiv Exploitatioun vu Waasserfräschen an der Tierkei, Albanien an Aserbaidschan sollen domat gestoppt ginn, begréisst d‘Organisatioun. Gläichzäiteg gëtt d‘EU als Konsument méi an d‘Verantwortung gezunn.
Zënter uganks leschter Woch beroden 200 Staaten zu Samarkand an Usbekistan iwwer d‘Aarteschutzofkommes vu Washington.
Dëst Ofkommes reegelt den Handel mat bedroten Déieren- a Planzenaarten. Den Handel mat iwwer 40.000 Déieren- a Planzenaarte goufen duerch dat Ofkommes schonn ageschränkt oder verbueden.