Un der Ausbreedung vum Wäschbier géif ee gesinn, datt et warscheinlech net duer geet, 2.000 Wäschbieren d'Joer ze schéissen. Mee souguer wa méi géif geschoss ginn, wier et extreem schwéier, de Bestand vu verschidden invasiven Aarten erofzekréien, erkläert de Laurent Schley.
"Well se extreem op enger ökologesch Nisch besetzen, déi net besat ass. Dofir si se immens gutt ugepasst entre -temps an doduerch ass et extreem schwéier, fir se erëm erofzekréien. An natierlech, well Lëtzebuerg keng Insel ass."
An den Nopeschlänner wier een nämlech mat deene selwechte Problemer konfrontéiert.
Wäschbieren op kee Fall fidderen
Virun allem am urbane Raum géif de Wäschbier sech verbreeden, a souguer de Leit Problemer maachen, mengt de Laurent Schley.
"Well en d'Poubellen eidel mécht, Sauerei mécht am Gaart, ënnert den Daach klëmmt, allerhand am Haus ka Saache futti maachen, zum Deel och einfach an d'Haus erakënnt."
Dofir sollt een e Wäschbier och op kee Fall fidderen, ënnersträicht de Laurent Schley. D'Déier géif sech séier un de Mënsch gewinnen, wann et Fudder mam Mënsch a Verbindung bréngt. D'Gefor, datt de Wäschbier dann ëmmer nees zeréck kënnt, ëmmer méi frech gëtt, an dann och bis an d'Haiser erakënnt, wier héich, warnt de Laurent Schley.