D‘Delegatioun vun der Hamas wier ofgereest, well Israel keng Fuerderunge géif erfëllen. D‘Hamas-Delegéiert wieren zréck op Doha fir sech mat der Hamas-Spëtzt ze beroden.
D‘nächst Woch soll weider negociéiert ginn. Ägypten, de Qatar an d‘USA probéieren am Konflikt ze vermëttelen.
De Gesondheetsministère vun der Hamas huet de Mueren de Bilan vun den Doudesaffer an der Gazasträif op 30.800 eropgesat. An de leschte 24 Stonne sinn deemno weider 83 Mënschen ëm d‘Liewe komm. Zanter dem 7. Oktober goufen och iwwer 72.000 Mënschen am Konflikt tëscht Israel an der islamistescher Hamas blesséiert.