Den Energiesecteur huet trotz allen Efforten am Joer 2022 op en Neits ee Rekordtaux un CO2 produzéiert.
IEA warnt virun Carbon Capture
D‘Fossil-Ära misst sou séier wéi méiglech op en Enn goen, heescht et am Rapport vun der IEA. D‘Léisung wieren déi erneierbar Energien an d‘Elektromobilitéit. D‘Energieagence warnt och virun Technologië wéi Carbon Capture, déi wieren extrem deier an et wier net bewisen, datt se funktionéieren.
Méi Investitiounen, méi Zesummenaarbecht
Eng Begrenzung vun der globaler Erwiermung op 1,5 Grad wier nëmmen nach bei verstäerkten Ustrengunge méiglech. Fir um richtege Wee ze bleiwe misste quasi all d‘Länner d’Klima-Neutralitéit déi se ustriewe virverleeën. Eng méi séier Klima-Transitioun an den Industrielänner géing den Entwécklungslänner méi Zäit fir d‘Transitioun loossen.
An deene Länner missten nach däitlech méi Investitioune fir de Klimaschutz mobiliséiert ginn, schreift déi international Energieagence. Eng staark international Zesummenaarbecht wier entscheedend fir den Erfolleg.