Radioen

On air

Moiesstudio  |  Thee Sacred Souls - Running Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Déi zwee Läschfliger vun der Cargolux sinn ukomm

Aviatioun

Déi zwee Läschfliger vun der Cargolux sinn ukomm

Bei der Cargolux sinn déi éischt zwee Läschfliger um Fluchhafen ukomm. Aquarius Aerial Firefighting heescht déi nei Geschäfts-Unitéit déi d‘Cargolux op de sozialen Netzwierker presentéiert.

auto_stories

1 min

D‘Unitéit soll am Kampf géint Bëschfeier agesat ginn an domat zu der globaler Reduktioun vun den CO2-Emissioune bäidroen. Et wier en neit Kapitel an der Geschicht vun der Diversifikatioun vun der Cargolux. Beim Fliger-Typ handelt et sech ëm d'US-Fabrikat Air Tractor AT-802F Fire Boss.