Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Déi tschechesch Presidentekoppel ass op Staatsvisitt zu Lëtzebuerg

Fir zwee Deeg

Déi tschechesch Presidentekoppel ass op Staatsvisitt zu Lëtzebuerg

Haut a muer ass déi tschechesch Presidentekoppel op Staatsvisitt zu Lëtzebuerg. De Petr Pavel a seng Fra Eva Pavlova gi begleet vun enger Delegatioun vun 30 Entreprisen.

auto_stories

1 min

De Moie si mat militäreschen Éiere vun der groussherzoglecher Koppel virum Palais an der Stad empfaange ginn. Duerno haten si och eng Entrevue am Palais. Um Programm haut ass ënner anerem och eng Visitt an der Stater Gemeng a vun der SES zu Betzder. Den Owend ass e Galaiessen am Palais.

Muer geet d‘Presidentekoppel vun der Tschechescher Republik nach, ënner anerem, d‘NSPA zu Kapellen, d‘Europaschoul zu Mamer an den Europäesche Geriichtshaff besichen. Ier den tschechesche President a seng Fra rëm heem reesen, ass nach eng Receptioun am Cercle.