Radioen

On air

Trendscheif  |  Trendscheif um Eurosonic 2025

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Spuerkeess: Situatioun op de Bourssen net “därmoossen aussergewéinlech”

No Crash vun der japanescher Bourse

Spuerkeess: Situatioun op de Bourssen net “därmoossen aussergewéinlech”

Op de Boursse weltwäit ginn et Turbulenzen. Beim japaneschen Index Nikkei zu Tokio war et de Moien eiser Zäit beim Schlussstand ee Minus vun 12,4 Prozent: A Punkte war dat dee gréisste Verloscht an der Geschicht.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Nikolas Kokovlis

Och op de Bourssen an Europa goufen et de Moie weider Verloschter. Een Haaptgrond fir dës Entwécklungen ass d’Angscht virun enger Rezessioun an den USA.

D’Entwécklung vun den Aarbechtsmaartzuelen an den USA, dat nennt de Carlo Stronck, Head of Investments vu Spuerkeess Asset Management, als Grond fir dat, wat haut op de Boursse geschitt.

De Carlo Stronck vu Spuerkeess Asset Management confirméiert, datt vum aktuelle Minus op de Boursse besonnesch Technologiewäerter a Bankenaktie betraff sinn.

"Wa mer elo och notamment Japan kucken, déi mengen ech 12 Prozent verluer hunn, do huet de Finanzsecteur der eleng 16 verluer haut de Moien."

Privatleit sollten näischt un hirem Portfolio änneren

Dat wat haut op de Boursse geschitt wier awer net "därmoossen aussergewéinlech”, esou den Expert. Wéi solle senger Meenung no awer déi Leit reagéieren, déi Suen an Aktien oder a Fongen investéiert hunn?

"Privatleit, déi an Aktie sinn, sollten normalerweis een horizon d’investissement vun e puer Joer hunn. Et ass ze fréi fir ze soen, et muss ee ganz aus den Aktien eraus goen, a mir wäerten och eng schrecklech schlecht Tendenz kréien, domat kéint een och ee staarke Rebond verpassen. Mee et ass natierlech wichteg, datt ee vun Ufank un ee Portefeuille huet, dee sengem Risiko entsprécht. An an deem Fall misst een am Fong haut net ganz vill dorobber änneren."

FED kéint mat Zënssenkung de Marché opfänken

De Carlo Stronck vu Spuerkeess Asset Management mécht d’Analys, datt de Marché “voll op een Zenario vu Rezessioun an Amerika” géif offueren.

Déi Rezessioun wier awer nach net confirméiert. Wa se bis confirméiert wier, da géif d‘FED och relativ séier d‘Zënsen erofsetzen, och fir d‘Aktiemäert opzefänken.

"Dat heescht de Risiko vun engem ganz grousse Crash ass awer elo ganz vill begrenzt."

Lauschterenplay_arrow