Et wier e Risiko fir d’Staatsfinanzen, wann déi aktuell Regierung einfach stänneg Steiererliichterunge géif verspriechen, an op eng besser Zukunft hoffen, seet déi gréng Deputéiert Sam Tanson.
"Dat ass schonn an normalen Zäite vläicht e bëssen naiv oder optimistesch, jee nodeem wéi ee kuckt, mee an deenen Zäiten, wou mir elo haut sinn, ass et an eisen Aen definitiv riskant."
Et géifen och permanent nei Depense bäikommen, esou d'Sam Tanson.
"Déi méi oder wéineger previsibel oder noutwenneg sinn: D'Steierreform, zousätzlech Militärdepensen, an dat hëlt natierlech Spillraum ewech."
Dat géif dann nees um sozialen Niveau feelen.
Preparatioun an net just Reaktioun
Fir déi gréng wier et kloer, datt Energie- an d’Finanzpolitik géifen Hand an Hand goen.
Energiepräiskrisen wieren nämlech net nëmmen e Problem fir d’Stéit an d’Entreprisen, mee och fir d’Staatsfinanzen, esou nach d’Sam Tanson. Dofir misst ee sech och laangfristeg op méiglech Energiekrise preparéieren, an net just reagéieren, wa se do wieren, esou déi gréng Deputéiert.