arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 400 Mio. Barrel Pëtrol vun der IEA: Lëtzebuerger Patricipatioun nach onkloer

Energie

|
headphones

1 min

400 Mio. Barrel Pëtrol vun der IEA: Lëtzebuerger Patricipatioun nach onkloer

Lëtzebuerg, als eent vun den 32 Memberlänner vun der internationaler Energieagence, ass solidaresch mat der internationaler Energieagence, heescht et an engem Communiqué vum Wirtschaftsministère. Lëtzebuerg hätt d'Decisioun, fir déi 400 Millioune fräizeginn, matgedroen, heescht et op Nofro hin.

headphones

1 min

picture alliance / pressefoto_korb | Micha Korb | © picture alliance / pressefoto_korb | Micha Korb
Symbolbild Pëtrolspräisser (Foto: picture alliance / pressefoto_korb | Micha Korb)

D'Memberlänner kënne selwer decidéieren, wéi vill Liter si aus hirem Stock zur Verfügung stellen. 

Och wann et am Moment hei am Land nach keen Engpass beim Petrol gëtt, wéilt d‘Regierung an den nächsten Deeg kucken, ob eventuell een Deel vum nationale Pëtrolsstock opgemaach gëtt. 

Déi Decisioun géif Lëtzebuerg eréischt no Concertatioun mat der EU huelen. 

400 Millioune Barrel Pëtrol vun der IEA 

Déi 32 Länner vun der internationaler Energieagence IEA hunn decidéiert, 400 Millioune Barrel Pëtrol aus hire stratgesche Reserve fräizeginn. Dat wier de gréissten Deblockage an hirer Geschicht, esou d‘IEA. Si wéilten domat d‘Perte kompenséieren, déi duerch de Blockage vun der Mieresstrooss vun Hormus entsteet.

Duerch de Krich am Iran sinn d’Pëtrolspräisser an de leschten Deeg massiv geklommen. Och Däitschland wäert, als eent vun de Länner vun der IEA, an den nächsten Deeg en Deel vu senge Pëtrolsreserven deblockéieren.

Et ass réischt fir déi sechste Kéier zënter der Grënnung vun der internationaler Energieagance, 1974, datt d‘Reserven ugezaapt ginn.