arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ FEDIL: Meeschtgesichten Diplom an den Industriebetriber ass Bachelor, duerno DAP

Industrie

|
headphones

2 min

FEDIL: Meeschtgesichten Diplom an den Industriebetriber ass Bachelor, duerno DAP

Déi Lëtzebuerger Industriebetriber hunn eegenen Aussoen no rezent méi Persoune mat akademeschem Ofschloss agestallt wéi fréier. De meeschtgesichten Diplom am Industriesecteur wier – mat ronn engem Drëttel – de Bachelor. Dat weist eng rezent Etüd vun der FEDIL zum Besoin vun de Betriber.

headphones

2 min

© Michelle Barthel
(Foto: Michelle Barthel)

Par rapport zu 2024 géif et do eng Hausse vu ronn 17 Prozentpunkte ginn. Kuerz drop kënnt dann den DAP an duerno d‘Formation technicien, esou de Generalsekretär vun der FEDIL, de Marc Kieffer.

Industriebetriber wieren am Transformatiounsprozess

Dat wier een Appell fir ze handelen, well déi gesichte Profiller géife sech änneren, sot d‘Héichschoulministesch Stéphanie Obertin.

"An där Enquête geet och ganz kloer ervir, datt de Qualifikatiounsniveau, deen d'Betriber sichen, sech weiderentwéckelt. An hei ass déi éischt Kéier och, datt am Fong de Bachelor déi meescht gefrote Qualifikatioun ass. Dat eng ganz interessant Entwécklung."

Dat géif bestätegen, wat si zënter e puer Joer observéieren, esou d'Stéphanie Obertin. 

"Datt d'Lëtzebuerger Industrie an engem Transformatiounsprozess ass. Si digitaliséiert sech, si automatiséiert sech a si internationaliséiert sech. An dofir brauche mir och Profiller, déi an dësem Ëmfeld och kënnen evoluéieren." 

Direkt nom Bachelor wier op zweeter Plaz den DAP. Dat géif weisen, datt déi Beruffsausbildung ëmmer nach staark gefrot wier. Dowéinst géif een och weider un Initiativë schaffen, fir den DAO méi attraktiv an accessibel ze maachen, esou de Claude Meisch. 

"Dacks stellt ee sech d'Fro mat 14, 15 Joer, war maachen ech elo? Maachen ech eng Beruffsausbildung oder maachen ech meng Première?" 

Claude Meisch: Duerch klassesch Première gëtt Beruffsausbildung iwwersprongen

Dacks wier de Rot vun den Elteren, eng première ze maachen, esou de Claude Meisch. 

"Da kënnt een ni méi op den anere Choix zeréck. Dann ass d'Beruffsausbildung eigentlech iwwerspronge ginn." 

Mat der DAP Première kéint ee béides zesumme maachen, esou de Minister. 

"Fir d'éischt seng Première an dann an engem Joer nach eng Kéier e wierklech kompriméierte Parcours, fir och den DAP an eenzelne Pilotformatiounen elo mol drun ze hänken."

Do kéinten dann och Formatiounen aus der Industrie ugebuede ginn, esou nach de Claude Meisch bei der Presentatioun vun der neier Etüd vun der FEDIL, déi zesumme mam Héichschoul- a mam Aarbechtsministère duerchgefouert gouf.