Et wier och net am Koalitiounsaccord, esou nach de Marc Spautz.
Net am Koalitiounsaccord virgesinn
D’Betriber kéinte Qualifikatioune selwer valoriséieren an dofir misst de qualifizéierte Mindestloun ofgeschaaft ginn, hat d’Handwierkerfederatioun gemengt. Den CSV-Aarbechtsminister Marc Spautz sot gëscht, dat géif net geschéien.
"Dat do steet net am Koalitiounsaccord. An ech wëll nach eng Kéier drun erënneren, datt de Koalitiounsaccord fir déi zwou Regierungsparteie bindend ass. An do steet näischt dran, datt mir géifen de qualifizéierte Mindestloun ofschafen."
De Koalitiounspartner vun der CSV, d’DP huet och ënnerstrach, datt dës Regierung géif um Mindestloun festhalen, esou déi liberal Deputéiert Corinne Cahen.
"Mir als Demokratesch Partei sti voll hanner dem Mindestloun, souwuel de qualifizéierte wéi och den net qualifizéierte Mindestloun a mir gedenken och do net eppes drun ze änneren."
Problemer aus dem Secteur missten awer eescht geholl ginn
Och d’Oppositiounsparteien déi gréng ewéi d’LSAP si kloer géint d’Ofschafe vum qualifizéierte Mindestloun. Esou Fuerderungen, wéi déi vun der Handwierkerfederatioun, géifen awer net vun Näischt kommen, esou déi gréng Deputéiert Djuna Bernard.
"Wat dréckt dat aus, déi Fuerderung? Datt de Mindestloun soll ofgeschaaft ginn, mee dat dréckt aus, datt sech d'Handwierk Suerge mécht an ech mengen, datt sech op déi dote Suergen awer mussen aner Äntwerte fanne loossen. D'Äntwert ass fir eis och net de Mindestloun, mee trotzdeem musse mer awer déi Suergen eescht huelen."
Skepsis vun der LSAP
Un där Ausso wäert een d’Regierung och moossen a se drun erënneren, datt dat hier Wieder waren, esou nach d’Djuna Bernard. De fréieren LSAP-Aarbechtsminister Georges Engel traut de Regierungsparteien awer eegenen Aussoen no net ganz. Virun allem d’Argument Koalitiounsaccord iwwerzeegt hien net.
"De Minister seet, dat steet net am Koalitiounsaccord. Bon, de Rentenalter verlängeren op zwee bis fënnef Joer, dat stoung och net am Koalitiounsaccord. Et ass awer gemaach ginn. Duerfir muss ee bei dëser Regierung awer ëmmer e bëssen oppasse wat se soen a wat se herno awer maachen."
E géif dem Brot an där heiter Saach net ganz trauen, esou nach de fréieren Aarbechtsminister Georges Engel.