arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Déi Lénk geheien dem Premier en autoritäre Stil vir 

Kritik un der Pensiounsreform 

|
reading time

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Déi Lénk geheien dem Premier en autoritäre Stil vir 

Bei enger Pressekonferenz um Dënschdegmëtte kritiséieren déi Lénk dem Premier Luc Frieden säi Virgoen – hie géif en autoritäre Stil fueren. Dat well d’Vertrieder aus de Majoritéitsparteien CSV an DP géife wierken, wéi wa si selwer net wéisste wat d’Regierung vir hätt. 

reading time

2 min

headphones

1 min

play_arrow
Pressekonferenz vun déi Lénk de 27. Mee 2025  | © Pebia Urban
Pressekonferenz vun déi Lénk de 27. Mee 2025 (Foto: Pebia Urban)

Déi Lénk hunn hir Propose fir e mëttelfristeg nohaltege Pensiounssystem virun der Press widderholl.

Schaffend Leit am Nodeel

D’Piste fir d’Pensiounsreform, déi de Premier Luc Frieden a senger Ried zur Lag vun der Natioun genannt hat, wieren dem Marc Baum vun déi Lénk no ondemokratesch. Dës potentiell Ännerunge wieren nëmmen am Nodeel vun de Schaffende Leit.

Weider kritiséiert de Lénken Deputéierten, datt et keng Berechnunge géif  ginn, wéi efficace dës Ännerunge fir d’Nohaltegkeet vum Pensiounssystem wieren.

Déi Lénk haten am Februar hir Propose vun der IGSS berechne gelooss.

Deementspriechend schloen si vir, den Deckel vun de Cotisatiounen opzehiewen, d’Pensioun selwer soll awer weiderhi gedeckelt bleiwen.

An anere Wierder soll eng Persoun, där hir Pai iwwert dem aktuelle Seuil vun 13.518 Euro läit, 8 Prozent vun deem Salaire an d’Pensiounskeess abezuelen.

Dës Mesure eleng géif eng 700 Milliounen Euro generéieren, ouni méi Depensë fir d’Pensiounskeess ze kreéieren.

De Staat an der Verantwortung

Iwwerdeems fuerdert de Marc Baum, datt déi Elementer vun der Pensiounskeess, déi näischt direkt mam Ausbezuele vun de Cotisatiounen ze dinn huet, vum Staat iwwerholl ginn. Dat wieren zum Beispill déi administrativ Fraise vun der CNAP.

“Déi ginn am Moment vun eise Cotisatioune bezuelt. Dat heescht, all Computer, all Schreifdësch, all Schreiwstull, deen an der CNAP benotzt gëtt, dee gëtt vun eise Cotisatioune benotzt.

Dat wier, déi Lénk no, eng Zweckentfriemung. De Staat sollt déi Fraisen iwwerhuelen, esou nach de Marc Baum.

play_arrow Lauschteren