Radioen

On air

  |  Owesconcert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ déi Lénk: Stater Buergermeeschtesch wëllt Heescherten aus dem Stadbild erauskréien

Neijoerschpatt

déi Lénk: Stater Buergermeeschtesch wëllt Heescherten aus dem Stadbild erauskréien

Kritik wéinst dem Heescheverbuet gouf et um Neijoerschpatt vun déi Lénk. De CO-Partei Spriecher Gary Diederich  ass der Meenung, datt d‘Stater Buergermeeschtesch alles géif maachen, fir Heescherten aus dem Stadbild erauszekréien.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow

De Gary Diederich huet sech d’Fro gestallt wou een 2024 an der Stad dru wier, wa Mënschen déi sou aarm dru sinn, datt heeschen dat eenzegt ass wat hinnen bleift, och nach kriminaliséiert ginn. D’Stater DP-Buergermeeschtesch Lydie Polfer wéilt deene Mënschen dat eenzegt wat hinnen iwweregbleift verbidde fir se aus dem Stadbild erauszekréien.

Kritesch Téin gouf et och wéinst den Aussoe vun engem ADR Deputéierten an dem Inneminister géint Kulturschafend, déi sech kritesch vis-à-vis vun där Politik gewisen hunn. 

Een Dar am A vun déi Lénk bleift och déi ugekënnegt Diskussioun ëm eng Pensiounsreform. D’Partei wéilt sech grad ewéi beim Index fir den Erhalt vum aktuelle Pensiounssystem mobiliséieren, betount de Gary Diederich.

Krich an der Ukrain an Noem Osten

Um internationale Plang hunn déi Lénk no enger Léisung am Konflikt tëschent Russland an der Ukrain gefrot.

D’Terrorattack vum 7. Oktober vun der Hamas op israeeleschem Territoire gëtt vun déi Lénk schaarf denoncéiert. Vis-à-vis vun Israel  sot de Gary Diderich, datt dee Krich vun Israel géint Gaza, als Reaktioun op d'Attack am Oktober, géint internationaalt Recht verstéisst.

D’Partei Déi Lénk feiert Enn des Mounts den 30. Januar hire 25. Anniversaire. Iwwert d’Ganzt Joer sinn Aktivitéite geplangt.

Lauschterenplay_arrow