D’Wale sinn eriwwer, an d'nächst Woch ass an all Lycéeën eng Semaine de la démocratie. No deene villen politeschen Debatten ass dat elo e bëssi vill. Den Timing passt net, mee d’Iddi ass gutt. Een Training am "Fach" Demokratie ass wierklech urgent.
Eis Jonk kucke sech. Si kucken no de Kolleegen, an déi kucke rëm no sech. Mee no bausse kucken déi mannst. Dat ass geféierlech fir eng demokratesch Gesellschaft.
Honnert Méiglechkeeten, sech ze verwierklechen
Ufank Oktober war de franséisch Soziolog Jean-Claude Kaufmann zu Lëtzebuerg an huet iwwer d’Orientéierungslosegkeet an de Blockage vun eise Jonke geschwat. Vill Pedagogen hunn him nogelauschtert. Mee anescht wéi geduecht huet hie fir de Misär net Corona oder den Ukrain-Krich verantwortlech gemaach. Hie mengt, datt de Problem schonn an de 60er Joren entstanen ass. Deemools si Joerhonnert al gesellschaftlech Traditiounen a Fro gestallt ginn. D’Jugend huet no Fräiheet verlaangt a Reegele gesprengt.
Virdru war den eegene Wee virgezeechent, dat war och praktesch. Elo ass dat anescht. Haut muss ee sech fir säin eegene Wee entscheeden, huet Honnert Méiglechkeeten, sech ze verwierklechen, a kritt op Tiktok nach weider Honnert Iddien dobäi. Liewenszil vu ville Jonken ass net d’Upassung an eng Gesellschaft, mee Selbstoptiméierung an ee perfekte Lifestyle.
D'Liewen an der Bubble
Et ass dës extrem Individualiséierung, déi de franséische Soziolog verantwortlech mécht fir den immensen Drock an déi vill Depressiounen, déi eis Kanner grad erliewen. Fir vill ass déi grenzelos Fräiheet ze vill. Si ginn dra futti.
An och eis Gesellschaftsmodell riskéiert futti ze goen
De moderne Mënsch lieft online an a Groupusculen, wou sech all déi zesumme fannen, déi déi selwecht Iddien hunn. Do spiert ee sech gutt a sécher, wéi fréier an der Kierch. Kontrovers Diskussioune sinn do rar. Eist Denken ass éischter schwaarz-wäiss. Mir déi Gutt, déi aner déi Domm. Eis gesellschaftlech Engagement weise mir am léifste mat engem Klick oder bei flotten Eventer an der Bubble.
Debattekultur an Demokratie-Training
Eng bequeem Haltung a gutt fir den Ego. Mee dat geet net duer fir eis Demokratie. Mir brauchen eng Debattekultur, wou ee mat Freed seng Iddie vertrëtt an och aner Meenungen nolauschtert. An der Diskussioun mat anere mierkt ee séier, datt et fir vill Sujete keng einfach Léisunge gëtt. An datt Populiste just de Geck mat de Leit maachen, wa si einfach Weeër verspriechen.
Fir Individualisten ass Demokratie definitiv eng Challenge. Den Austausch vu verschidde Meenungen an d’Sich no gemeinsam Ziler muss rëm trainéiert ginn, an dat live a net online. An am beschte vun allen, am ganze Land. Dofir brauche mir een Demokratie-Training an eise Schoulen. Och no de Walen. An am beschten net just an enger Woch.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.