Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Christine And The Queens - Damn, Dis-Moi Feat. Dâm-Funk

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi Dänesch Premierministerin gouf zu Kopenhagen attackéiert

Gewalt géint Politikerin

Déi Dänesch Premierministerin gouf zu Kopenhagen attackéiert

Déi dänesch Premierministesch Mette Frederiksen ass de Freideg den Owend am Zentrum vu Kopenhagen vun engem Mann attackéiert a geschloe ginn.

auto_stories

1 min

Mette Frederiksen | © picture alliance / NurPhoto | Sergii Kharchenko
Foto: picture alliance / NurPhoto | Sergii Kharchenko

D‘Police huet den Täter festgeholl, bis elo awer keng weider Detailer matgedeelt. Et ass net gewosst, wat genee geschitt ass, wien den Täter ass, a wat seng Motiver waren.

A de leschten Deeg a Woche goufen eng ganz Partei Politiker vun ënnerschiddleche Parteien an aus verschiddene Länner d‘Affer vu Gewalt. De spektakulärste Fall ass dee vum slowakesche Premier Robert Fico, deen de 15. Mee duerch e puer Schëss liewensgeféierelch blesséiert gouf.