Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg stëmmt fir internationalen Dag fir d'Gedenken un de Genozid vu Srebrenica

Erënnerungskultur

Lëtzebuerg stëmmt fir internationalen Dag fir d'Gedenken un de Genozid vu Srebrenica

Lëtzebuerg wäert beim Vott vun der UNO-Resolutioun zu der Aféierung vum internationalen Dag fir d’Gedenken un de Genozid vu Srebrenica dofir stëmmen. Dat äntwert den Ausseminister Xavier Bettel op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP-Deputéierter Liz Braz.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / NurPhoto | Jose Antonio Sanchez

Lëtzebuerg hätt dës Resolutioun co-parrainéiert. Et wier wichteg an Zäite vun Desinformatioun a Geschichtsrelativiséierung vergaange Verbriechen net ze vergiessen an den Affer ze gedenken, esou de Xavier Bettel. Wat d’Weiderentwécklung vum Rechtsstaat a Bosnien an Herzegowina ugeet, esou wier dat eng zentral Prioritéit, déi Lëtzebuerg esou wuel am bilaterale politeschen Dialog géing ënnersträichen, wéi och um Niveau vun der EU, am Kader vum Bäitrëttsprozess vu Bosnien. Deementspriechend géif sech Lëtzebuerg, zesumme mat deenen aneren EU-Memberstaaten, dofir asetzen, datt dës Gesetzer effektiv ëmgesat ginn an eng Erënnerungskultur entstoe kann, an där d’Leegne vum Genozid an déi ëffentlech Verherrlechung vu Krichsverbriecher keng Platz hunn.