search

/ Déi 8 Finaliste vum LSC sti fest

Luxembourg Song Contest

|
headphones

2 min

Déi 8 Finaliste vum LSC sti fest

Déi 8 Finaliste fir de Luxembourg Song Contest 2026 sti fest. RTL huet um Donneschdegmoien d'Nimm bekannt ginn. An der Finall Enn Januar sinn deemno follgend Kandidaten: de Steve Castile, d'Eva Marija, d'Irem, den Hugo One, de Luzac, d'Daryss, den Adrew the Martian an den Trio ShiroKuro.

headphones

2 min

© RTL
(Foto: RTL)

Si goufen aus den am Ganzen 58 Kandidaten ausgewielt, déi sech leschte Weekend enger internationaler Jury presentéiert hunn. 

Aacht Plazen, eng Chance op Wien

D’Organisateuren hunn et bis zum Schluss spannend gemaach: Aacht Kënschtler:innen hunn et an d’Finall gepackt.

Dorënner schonn ee bekannt Gesiicht aus der LSC-Welt: De Luzac, deen och scho bei der leschter Editioun an der Finall stoung. Et ass säin drëtte Versuch, an hien huet fir seng musikalesch Karriär esouguer Congé sans solde geholl. Hie schafft u sech als Educateur.

Nach nei mat dobäi an der Finall dëst Joer sinn:

  • Irem: Conservatoire-Hannergrond, schonn zwou EPen publizéiert (2023 an 2025), Physiksstudentin zu Wien
  • Steve Castile: Gittarist, Pianist, Produzent, Bachelor an der Psychologie, Kommunikatiounsstudent an der Kommunikatioun zu Fribourg
  • Eva Marija: Violonistin, Gittaristin, Sängerin, Songwriting-Studentin zu London
  • Hugo One: Soul/Pop/Disco, Bünenerfarung an der Philharmonie, am Atelier an op der Luxembourg Pride, Eventmanager
  • Daryss: Schauspillerin a Sängerin, Theaterproff, ausgebilt an der Art dramatique 
  • Andrew the Martian: Autodidakt, widmet sech komplett der Musek 
  • ShiroKuro: Trio vu Léck, Pop/Rock, Kolleegen aus dem Conservatoire, Louis: Gittar/Piano, Mathias: Batterie, Nathanael: Gesang/Gei

Domat si véier Männer, dräi Fraen an eng Formatioun am Rennen.

Bekannten Nimm, déi et net gepackt hunn

Obwuel eng Partie vertraut Gesiichter, dorënner Finalisten aus de leschte Joer, nach eng Kéier an d’Course gaange sinn, hunn d’Rafa Ela, d’Mäna, d’Naomyi Ayé an d'Carmen vun der Band Rhythmic Soulwave et dëst Joer net an d’Finall gepackt.

Lidder bleiwe geheim

Iwwer d’Songs selwer ass nach näischt bekannt. Weder iwwer de Genre, nach de Stil vun de verschiddene Lidder. Zejoert goufen si réischt am Dezember verëffentlecht.

Bis den nationale Virentscheet mat der Show an der Rockhal gëtt intensiv un den Optrëtter gefeilt: Prouwen, Coaching a Preparatioune sti fir d’Kandidaten um Programm.

De 24. Januar decidéiert sech an der Rockhal, wie vun hinne Lëtzebuerg op der Eurovisoun am Mee d'nächst Joer zu Wien vertriede wäert.

play_arrow Eis ESC-Expertin Sophie Schroeder mat der Analys