arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LUGA kënnt op en Enn

Ettelbréck

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

LUGA kënnt op en Enn

Den Ettelbrécker Buergermeeschter Bob Steichen zitt e positive Bilan vun der LUGA, déi dëse Weekend op een Enn geet. Iwwer déi 5 Méint wieren am ganze ronn 40.000 Visiteuren op Ettelbréck komm, fir sech déi verschidden Ausstellungen, Evenementer a Workshoppen unzekucken.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Bob Steichen | © Radio 100,7
Bob Steichen (Foto: Radio 100,7)

Wéi och an der Stad, sollen och hei verschidden Aspekter vun der LUGA bestoe bleiwen.

De Budget vun 2,8 Milliounen Euro konnt agehale ginn, dem Buergermeeschter Bob Steichen no géif ee souguer drënner leien.

Allgemeng positiv Dynamik zu Ettelbréck

Eng gréisser Erausfuerderung wier d’Organisatioun bannent ganz kuerzer Zäit gewiescht. Ma ee Virdeel hei wier gewiescht, datt d’Gemeng hiren Know-How vun der Foire agricole hätt kënnen notzen, esou de Bob Steichen.

“Datt mir do schonn en agespillten Team hunn. An dat war eigentlech och en Deel vun der Organisatioun vun allem ronderëm déi 5 Méint hei. An dat huet deem Ganze gutt gedoen an och gehollef, datt et zäitlech iwwerhaapt konnt erausgoen, fir all déi Saachen op d'Been ze setzen.”

No der LUGA sollen och verschidden Elementer vun den Ausstellungen erhale bleiwen. Zwar sollen déi provisoresch Schauplanzungen verschwannen, mee zum Beispill d’Foto-Expo, de Pavillon a verschidde Bace solle weider genotzt, respektiv an Zukunft nei integréiert ginn.

“Dat heescht, datt mir déi Opwäertung iwwert méi eng laang Dauer natierlech kënne behalen. An datt mir och insgesamt esou d'Bespillung vum ëffentleche Raum villäicht an Zukunft och doduerch kënnen e bëssen deem upassen, wat mir elo geléiert hunn.”

“Mir sinn een Experiment”

Virun allem de Gedanken, deen hannert der LUGA stécht, nämlech den urbane Raum nei opzewäerten, soll erhale bleiwen. Dat seet och d’General-Coordinatrice vun der LUGA d’Ann Muller.

“A wéi kann ee mat engem Patrimoine lieweg ëmgoen. An ech mengen d’Luga ass do genau ee Projet deen als Experiment funktionéiert, a mir sinn ee Laboratoire. Mir hu vun Ufank u gesot mir sinn een Experiment, mir kommen net mat fäerdege Solutiounen. Mir maachen d’Dieren op, mir versichen Diskussioune lasszeléisen, mir sinn ee Projet deen sech interrogéiert iwwer wéi wëlle mir liewen an enger Stad a wat sinn déi grouss Defien vu muer?”

Iwwer de Weekend gëtt d’LUGA dann an der Stad an zu Ettelbréck mam “Closing-Festival” ofgeschloss.

LUGA steet fir “Luxembourg Urban Garden”. Dës Gaardenausstellung gouf de 7. Mee mam Slogan “dat Onsiichtbaart siichtbar maachen” lancéiert. Iwwer am ganze 5 Sitte waren Installatiounen am ëffentleche Raum ze gesinn.

play_arrow Lauschteren