arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Israel-Verbuet um ESC: Lëtzebuerg hält sech nach bedeckt

Eurovision Song Contest

|
headphones

1 min

Israel-Verbuet um ESC: Lëtzebuerg hält sech nach bedeckt

D‘Regierung hält sech bedeckt wat een eventuelle Verbuet vun Israel fir beim Eurovision Song Contest matzemaachen ugeet. Den ESC wier ee Musiksconcours an et wier wichteg fir ee kloren Ënnerscheed tëschent der kultureller Sphär an de geopoliteschen Tensiounen ze maachen.

headphones

1 min

2024 krut Lëtzebuerg 12 Punkte vun Israel. | ©  picture alliance/dpa | Jens Büttner
2024 krut Lëtzebuerg 12 Punkte vun Israel. (Foto: picture alliance/dpa | Jens Büttner)

Dat äntwert déi delegéiert Medieministesch Elisabeth Margue op eng parlamentaresch Fro zum Theema vun der LSAP. 

Rezent hu jo e puer Länner – dorënner Slowenien, Irland, Holland a Spuenien – ugekënnegt, datt si den ESC boykottéiere wéilten, wann Israel drun deelhëlt.

Den LSAP-Deputéierte Ben Polidori freet och, ob d‘Regierung der Meenung ass, datt Israel de Concours kéint als Plattform fir Wäisswäschen a kulturell Normalisatioun huelen. Et géif der Regierung net zoustoen, sech zu den Absichte vun Israel ze äusseren, esou nach d‘Ministesch.

Si confirméiert iwwerdeems, datt d‘Preparatioune fir de Luxembourg Song Contest weiderlafen.