Radioen

On air

De Weekend  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Debat: Wéi gi mir de Stau lass?

Chamberwalen 2023

Debat: Wéi gi mir de Stau lass?

Viru knapp dräi Woche gouf eng nei Variant vum Käerjenger Contournement virgestallt. Brauch Lëtzebuerg méi Contournemente fir dem villen Trafick Meeschter ze ginn? Oder gëtt de Problem doduerch just verlagert? Dat war eng vun de Froen, där sech den Yves Cruchten (LSAP), de Marc Goergen (Piraten), d’Barbara Agostino (DP), an de Fernand Kartheiser (ADR) an eisem Debat zum Theema Mobilitéit gestallt hunn.

auto_stories

2 min

headphones

28 min

IVD Käerjeng | © Morgane Weidig play_arrow
(Foto: Morgane Weidig)

Lauschterenplay_arrow

De Contournement vu Käerjeng wier “primordial” fir d’Entwécklung vun der Gemeng, esou den LSAP-Schäffe vun der Gemeng Käerjeng, Yves Cruchten. Mee et misst een de Problem och un der Wuerzel ugoen, an d’Leit dozou bréngen, manner Deplacementer ze maachen. Där Meenung ass och d’Barbara Agostino, déi betount, datt een net iwwerall Contournementen kéint hibauen.

De Marc Goergen wërft dem Mobilitéitsminister iwwerdeems vir, de geplangte Contournement als “Walcoup” ze benotzen. D’Pirate proposéieren awer nach weider Ëmgoungsstroossen, zum Beispill am Weste vun der Stad, zu Dikrech an zu Ettelbréck. Ëmmer ënnert der Konditioun, datt d’Natur net zerstéiert géing ginn.

​DP a Piraten: "Pollueur, payeur"

Beim Theema Ëmwelt a Mobilitéit spillt natierlech och de Verbrennermotor eng wichteg Roll. D’ADR ass bekanntlech géingt ee Verbrenner-Verbuet. De Fernand Kartheiser huet awer betount, datt sech um Enn déi bescht Technologie soll duerchsetzen, egal op Elektro oder Waasserstoff.

Souwuel d’Barbara Agostino, wéi och de Marc Goergen sinn awer der Meenung, datt de “Pollueur” och de “payeur" soll sinn. D’Pirate wënsche sech deemno, datt d’Autossteier reforméiert soll ginn.

De Monorail als Alternativ zu Zuch an Tram?

Datt den ëffentleche Verkéier méi performant soll ginn, do waren eis Invitéë sech alleguer eens. Wéi dat soll gemaach ginn, do sinn d’Meenungen allerdéngs ausernee gaangen. De Fernand Kartheiser huet proposéiert, den Zuch ënnerierdesch duerch d’Stad ze féieren. Den Yves Cruchten hält awer wéineg dovun, “Tunnellen duerch d’Kasematten ze bueren”. Vill méi misst den Accès op d’Garen uechter d'Land verbessert ginn, esou de Käerjenger Schäffen.

Eng Alternativ zum Tram oder dem Zuch kéint och ee Monorail sinn. Souwuel d’ADR wéi och d’Pirate verschléisse sech sou enger Iddi net. Do wou Schinne leien, misste se och benotzt ginn, esou de Marc Goergen.