Radioen

On air

Kultur um 5  |  "Ech hunn eigentlech alles geléiert bei Lucilin"

play_arrow Live
search

/ Bettel fuerdert Israel op sech un Decisioun vum Internationale Geriicht ze halen

No Decisioun vum IGH

Bettel fuerdert Israel op sech un Decisioun vum Internationale Geriicht ze halen

De Lëtzebuerger Ausseminister fuerdert Israel dozou op, sech un d‘Urteel vum Internationale Geriichtshaff ze halen. Deen hat gëschter d‘Gefor vu Vëlkermord an der Gazasträif festgestallt an Israel opgefuerdert, alles ze maachen, fir dat ze verhënneren. 

auto_stories

1 min

© European Union
(Foto: European Union)

Israel misst Mesuren huelen, fir palästinensesch Zivilisten an der Gazasträif ze schützen. Déi Decisioun ass rechtlech bindend, erënnert de Xavier Bettel  an engem Schreiwes, hie betount: Déi séiersten an effikasste Method, fir se ëmzesetzen, wier en direkte Waffestëllstand. 

Den DP-Ausseminister appelléiert weider awer och un d‘Hamas, fir déi israeelesch Geiselen, déi nach ëmmer festgehale ginn, fräizeloossen.