Radioen

On air

E-Lodie  |  Blue Lake - The Forest

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Marc Goergen steet bei der Piratepartei an der Schold

33.000 Euro

De Marc Goergen steet bei der Piratepartei an der Schold

Den Deputéierte Marc Goergen huet 100,7-Informatiounen no Scholde beim parlamentareschen Deel vun der Piratepartei. Enn November 2021 hat hie sech bal 33.000 Euro vun der Sensibilité politique Piratepartei geléint, fir een Deel vu senger Steierschold ze begläichen. De Gros vun dësem Prêt mat null Prozent Zënsen huet de Politiker bis haut net zeréckbezuelt.

auto_stories

4 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: Chambre des députés

Nodeems de radio 100,7 dem Marc Goergen Enn vun der leschter Woch Froen zu de geléinte Sue gestallt huet, huet hien eis gesot, hie géif sech iwwerleeën, d'Suen direkt zeréckzebezuelen. Seng Versioun ass, datt hien domat géif "ënner Drock gesat" ginn. 

An eng Fal getappt?

Et wier ee Feeler gewiescht, déi bal 33.000 Euro bei der Vertriedung vun der Piratepartei an der Chamber (der Sensibilité politique) ze léinen: Dat gëtt de Marc Goergen zou. "Ech bedaueren haut, datt ech deemools jo gesot hunn", seet den Deputéierten. Hie schwätzt vun enger "Offer" deemools.

"Wier ech awer elo nach eng Kéier, géing ech dat net méi maachen, well ech einfach d’Gefill hunn, dass dat eng Fal deemools war, sou wéi och aner Saachen eng Fal waren, fir einfach eppes géint een ze hunn."

Der Duerstellung vum Marc Goergen no hätt hien déi bal 33.000 Euro als Prêt vun der Sensibilité politique offréiert kritt, soulaang bis eng Decisioun vum Verwaltungsgeriicht virläit. Do hat den Deputéierte géint de Staat geklot, fir de Statut vum Deputéierten ze klären.

"Et geet ëm d’Mandat, firwat ech um Verwaltungsgeriicht sinn. Et geet ganz einfach dorëm, ob een als Independant oder als Salarié agestuuft ass, wann een Deputéierten ass."

Well d'Steierverwaltung de Marc Goergen als Salarié geséich, hätt si deemools Steiere vun him no verlaangt, esou d'Explikatioun vum Betraffene fir seng Steierschold, respektiv fir de Prêt.

"Dat Geld hunn ech net kritt, fir iergendee Loisir oder soss eppes. Dat ass eng Fuerderung, wou de Staat opgestallt huet, datt dat déi Fraise sinn, wou ee muss bezuelen, wann ee Salarié ass, an net Independant."

De Sven Clement wier net un d'Ëffentlechkeet gaangen

Wat seng Relatioune mam aneren Deputéierte vun der Piratepartei Sven Clement ugeet, gesäit de Marc Goergen sech an dësem Dossier als Affer vun enger Erpressung.

"Ech krut een Uruff: 'Hei wann s du net dat an dat méchs' - iwwer den Daniel Frères huet de Sven dat ugedreet - 'Wann s du net dat an dat méchs, a mat mir eng Pressekonferenz méchs, et wier elo rëm alles an der Rei, da maachen ech dat mam Kredit public.' Du hunn ech gesot, da muss du et maachen."

Op Nofro vum radio 100,7 betount de Sven Clement, datt hie mat dëser "Story" net un d'Ëffentlechkeet gaange wier. Hie widdersprécht och der Duerstellung, datt hien de Marc Goergen zum Prêt vu bal 33.000 Euro verleet gehat hätt. 

Dem Sven Clement no géife sech bei dësem Kredit awer "ethesch a moralesch Froe" stellen. Béid Deputéierter vun der Piratepartei maache sech zanter Méint ëffentlech Reprochen. Eng Rei aner Mandatairen hunn d’Partei an der Tëschenzäit verlooss.

Lauschterenplay_arrow

Rechnungshaff analyséiert Finanze vun de Piraten an der Chamber

De Rechnungshaff huet iwwerdeems mat senger Analys vun de Finanze vun der politescher Sensibilitéit vun der Piratepartei ugefaangen. Dat huet de Chamber-Generalsekretär Laurent Scheeck dem Radio 100,7 op Nofro hi matgedeelt. De Chamber-Büro hat schonn am Juli decidéiert, datt d’Finanze vum parlamentareschen Deel vun der Piratepartei fir den Zäitraum 2018 bis elo solle kontrolléiert ginn. De Laurent Scheeck geet dovun aus, datt de Rechnungshaff seng Analys relativ séier wäert ofschléissen. Soubal dës Aarbecht fäerdeg ass, wäert an der Chamber gekuckt ginn, ob d’Gestioun vun de Gelder, déi der Sensibilitéit zur Verfügung gestallt goufen, dem Chambersreglement entsprach huet. Et wéilt een d’Gesamtanalys ofwaarden, éier ee Conclusiounen zitt, esou nach de Generalsekretär vun der Chamber.