arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Mäerterter Hafen ass nees fir de Schëffsverkéier op

Verschmotzung vun der Musel

|
reading time

1 min

De Mäerterter Hafen ass nees fir de Schëffsverkéier op

De Mäerterter Hafen ass erëm op. D‘Waasserwirtschaftsamt huet gréng Luucht ginn. Dat huet d‘Direktioun op Nofro hi confirméiert. Den Hafe war zënter gëschter zou well eng ueleghalteg Substanz an d’Musel gelaf war.

reading time

1 min

Archivfoto | © picture alliance / Caro | Eckelt
Archivfoto (Foto: picture alliance / Caro | Eckelt)

D‘Waasserspär, fir d‘Verknaschtung anzedämmen, wier och net méi en place, heescht et nach vun de Responsabelen. Et ass nach ëmmer net bekannt wéi eng Substanz et ass a wéi se an d’Musel komm ass. D‘Enquête leeft weider.