Radioen

On air

Notturno  |  Ben LaMar Gay - Sometimes I Forget How Summer Looks On You

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Chef vun der Hamas ass dout, mellt d'Hamas

Noen Osten

De Chef vun der Hamas ass dout, mellt d'Hamas

Den Hamas Chef Ismaïl Haniyeh gouf am Iran ëmbruecht, d‘Hamas huet Israel dofir responsabel gemaach, Israel huet sech nach net dozou geäussert.

auto_stories

2 min

Libaneesesch Zaldoten no der Attack op en Hamas-Leader zu Beirut | © picture alliance/dpa | Marwan Naamani
Foto: picture alliance/dpa | Marwan Naamani

Der Hamas no wier den Ismaïl Haniyeh den Dënschdeg op der Vereedegungszeremonie vum neien iranesche President Massud Peseschkian zu Teheran derbäi gewiescht, hie wier duerno dout gemaach ginn. D'Hamas huet direkt Israel beschëllegt. Eng Reaktioun vun Israel gëtt et nach net.

Den iranesche Staatsmedien no, wier den Ismaïl Haniyeh, de Chef vun der Hamas hirem politesche Büro, an der iranescher Haapstad Teheran ëm d‘Liewe komm, bei enger Attack um zwou Auer nuets op d‘Haus, wou hie sech opgehalen huet. Den Ismaïl Haniyeh war am Iran fir un der Vereedegung vum neien iranesche President deel ze huelen.

Stonne virdriun hat Israel e Kommandant vun der Hisbollah doutgemaach

D‘Nouvelle sengem Dout koum e puer Stonne nodeems déi israeelsch Arméi gemellt hat - si hätt en ieweschte Kommandant vun der Hisbollah Miliz an der libanesescher Haapstad Beirut ëmbruecht, bei enger Attack mat Kampffligeren. Israel seet de Kommandant Fuad Schukr wier responsabel gewiescht fir d‘Rakéitenattack mat 12 Doudegen de leschte Samschdeg op déi vun Israel besate Golanhéichten.

Suerge virun enger Ausbreedung vum Konflikt an der Regioun

D‘Hisbollah huet säin Dout nach ëmmer net konfirméiert. Dem libanesesche Gesondheetsministère no, hätt et bei der israelescher Attack zu Beirut dräi Doudesaffer ginn – zwee Kanner an eng Fra – a méi wéi 70 Blesséierter. 

Den Dout banne kuerzer Zäit vu Leadere vun der Hamas an Hisbollah, déi vum Iran ënnerstëtzt ginn, huet op e Neits Suergen vun engem neie regionale Krich am Noen Osten opkomme gelooss.