Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Say She She - In The Morning

play_arrow Live
search

/ De Ben Polidori wiesselt bei d'LSAP

Nom Récktrëtt bei de Piraten

De Ben Polidori wiesselt bei d'LSAP

De Ben Polidori wiesselt an d'LSAP. Hien hat eng Demande un d'Sozialiste gemaach, nodeems hien de Piraten de Réck gedréit huet. D'LSAP weist sech ganz zefridden iwwert den neie Recrutement.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

play_arrow
Foto: Chambre des députés

Seng Demande gouf de Mëttwoch vun der LSAP akzeptéiert, mellt RTL. De Message goung de Mëttwoch den Owend an enger Newsletter un d'LSAP-Memberen eraus. Deemno huet d'LSAP elo net méi 11, mee 12 Deputéiert um Krautmaart.

"Ech vergläiche lo mam Fussball oder engem Transfert: Et war awer lo net esou, datt een do iergendwéi eppes Déckes do ugebuede krut. An ech fannen dat och nëmme richteg. Et sollt een an eng Partei passen an net an eng Partei goen, well een do iergendwéi eppes sollt méi kréien oder ugebuede kréien."

Bei all deene Parteien, mat deenen de Ben Polidori ee "ganz konstruktiven" Echangen hat, wier et ëmmer ëm d'Saach gaangen, an net "wat een elo méi oder manner sollt kréien", esou den neien LSAP-Deputéierten.

Educatioun a Pensioun als Dossieren

De Ben Polidori huet sech aus voller Iwwerzeegung fir d'LSAP als nei politesch Heemecht decidéiert. Zënter dëser Woch huet de fréiere Pirat seng nei Memberskaart. Hie kéint sech virstellen, bei de Sozialisten an Zukunft d’Dossiere vun der Educatioun a vun der Pensioun ze iwwerhuelen. Nach wier dat awer oppen.

"A wou de Choix getraff gouf, datt ech aus der Piratepartei ausgetruede sinn, war fir mech kloer ginn, datt ech awer d’Grondwäerter vun enger Partei wëll kucken. An déi Grondwäerter, fir déi ech Politik maachen, fannen ech hei an enger LSAP exzellent erëm. Eng Partei, déi fir mech scho säit iwwer 100 Joer sech wierklech asetzt fir eng gerecht Gesellschaft."

Zu Viichten, wou de Ben Polidori am Gemengerot setzt, ännert sech näischt. Viichten ass eng Majorzgemeng.

De Ben Polidori am 100,7-Interviewplay_arrow

Francine Closener: Bedenkzäit huet gutt gedoen

Dat wier an der Geschicht vun der LSAP eenzegaarteg, datt een Deputéierte bäikënnt, sot iwwerdeems eng zefridde Francine Closener am 100,7-Interview. Dem Ben Polidori säin Häerz géif lénks schloen, huet si betount, an hien hätt nëtzlech Kompetenzen, zum Beispill am Beräich vun der Educatioun, sou d’Parteipresidentin.

Ob d’LSAP oder de Ben Polidori deen éischte Schrëtt gemaach huet, konnt och si net genee retracéieren.

"Hien huet sech Bedenkzäit gefrot. Dat fannen ech och ganz normal. Hien huet sech dat net ganz einfach gemaach a sech et gutt iwwerluecht, an duerfir sinn ech ëmsou méi frou, dass hien eigentlech och lo seet, dass hien dat, wat hie vun Ufank u gespuert huet, och lo gemaach huet."

D'LSAP-Fraktioun wiisst natierlech elo. Duerch deen Zouwuess géing sech awer net vill änneren, esou d'Francine Closener, "ausser dass mer villäicht musse kucken, wéi et mat der Sëtzung an der Chamber ass."

D'LSAP-Parteipresidentin Francine Closener

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik