Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Napoleon Gold - Lucid Feat. Jalen Santoy & Madge

play_arrow Live
search

/ Dateschutzkommissioun: Firme kréien eng „Sandbox“ fir Këntschlech Intelligenz ze testen

Kënschtlech Intelligenz

Dateschutzkommissioun: Firme kréien eng „Sandbox“ fir Këntschlech Intelligenz ze testen

Déi national Dateschutzkommissioun wëll Entreprisen zu Lëtzebuerg hëllefen, déi kënschtlech Intelligenz ze reguléieren an net géint Dateschutzreegelen ze verstoussen. Een Online-Tool soll dobäi hëllefen.

auto_stories

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Wéi d‘CNPD an engem Communiqué matdeelt, géif si eng sougenannte „Sandbox“ online stellen. Dat ass een isoléiert digitaalt Ëmfeld, wou Firmaen an Entrepreneure KI Systemer teste kënnen, éier si op de Maart kommen.

Dat soll hinnen hëllefen, d‘Dateschutzdirektiv weider ze respektéieren. Déi kënschtlech Intelligenz géif vill Bedenke fir de Schutz vun der d‘Privatsphär opwerfen, esou d‘CNPD.