arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Dänemark setzt Pensiounsalter op 70 Joer erop

Neit Gesetz

|
reading time

1 min

Dänemark setzt Pensiounsalter op 70 Joer erop

An Dänemark huet d‘Parlament dofir gestëmmt, fir de Pensiounsalter op 70 Joer eropzesetzen. Bis elo war de Pensiounsalter an Dänemark bei 67 Joer. 2030 soll en op 68 an 2035 op 69 Joer klammen, ier en dann 2040 op 70 Joer gehéicht gëtt.

reading time

1 min

Mat deem neie Gesetz an Dänemark mussen all déi, déi no 1970 gebuer sinn, bis 70 Joer schaffe goen. Dat heescht all déi, déi 2040 69 Joer hunn. 

Dat Gesetz gouf ouni grouss Oppositioun zu Kopenhagen ugeholl.