Radioen

On air

9 bis 1  |  The Beatles - Lucy In The Sky With Diamonds

play_arrow Live
search

/ Däitschland wëll d'Militärhëllef fir d'Ukrain verduebelen

Op 8 Milliarden Euro

Däitschland wëll d'Militärhëllef fir d'Ukrain verduebelen

Déi däitsch Bundesregierung wëll hir Militärhëllef un d’Ukrain d'nächst Joer verduebelen, op dann 8 Milliarden Euro. Dat huet den däitsche Verdeedegungsminister Boris Pistorius gëschter indirekt an engem ARD-Interview confirméiert.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Marcus Brandt
(Foto: picture alliance/dpa | Marcus Brandt)

Et wéilt een net nach eemol an d‘Situatioun geroden, datt Gelder fir d‘Ukrain nogefrot misste ginn. D‘Eropsetze vun der Militärhëllef wier ee wichtegt Signal fir d‘Ukrain, datt de Support géing weider goen, och grad elo an Zäiten, wou de Fokus op dem Konflikt am Noen Oste géing leien, sou de Pistorius.

D’Erhéijung vum finanzielle Support un d’Ukrain géif bedeiten, datt Däitschland dat erkläerten Nato-Zil vun de Verdeedegungsausgabe géif erreechen.