D’Ouverture huet traditionell den eelste Member vum Bundestag gemaach. Dat ass de lénken Deputéierte Gregor Gysi.
No der Ried vum Gregor Gysi huet sech dat neit däitscht Parlament dunn eng Presidentin gewielt. D’Uniounsfraktioun, déi stäerkste Gruppéierung am Bundestag, hat déi fréier Landwirtschaftsministerin Julia Klöckner nominéiert – a si krut mat 382 Stemmen och ouni Problem déi néideg Majoritéit. Och d’Julia Klöckner huet an hirer éischter Ried Reklamm gemaach fir en ziviliséierten Ëmgang am Parlament.
"Den kontroversen Diskurs, den müssen wir führen, aushalten, ertragen. Ja, das gehört dazu, nach klaren Regeln, nach klaren Verfahren und Mehrheiten. Und ich werde darauf achten, dass wir ein zivilisiertes Miteinander pflegen, und wenn wir das nicht tun, erlernen."
Als wichtegste Punkt um Ordre du Jour stoung d’Wal vun der Bundestagspresidentin. Déi fréier Landwirtschaftsministesch Julia Klöckner (CDU) gouf mat grousser Majoritéit op dee Poste gewielt. Si gouf traditiounsgeméiss vun der stäerkser Fraktioun fir dee Poste proposéiert. Schon am Virfeld huet dës Wal als sécher gegëlt.
"Demokratie ass keng Selbstverständlechkeet"
Si ass domat déi 4. Fra op dem Posten. Si wäert d’Sëtzunge vum Bundestag leeden an op d’Anhale vun der parlamentarescher Uerdnung oppassen.
An hirer Untrëttsried rifft d'CDU-Politikerinn op, d'Demokratie ze verdeegeden. Demokratie wier keng Selbstverständlechkeet. Sie weist sech besuergt iwwer d'Entwécklungen an der Tierkei. Do gouf den Oppositiounspolitiker Ekrem Imamoglu festgeholl.
Koalitiounsgespréicher lafen nach
Mat der éischter Sëtzung vum Bundestag geet laut dem däitsche Grundgesetz d’Amtszäit vun der Regierung vu bis elo op en Enn. D’Minister:innen grad ewéi de Bundeskanzler vu bis elo, den Olaf Scholz kréien dann haut vum Bundespräsident hir Entloossungspabeieren iwwerreecht.
D’Regierung vu bis elo bleift awer fir den Ament nach geschäftsféierend am Amt, bis sech déi nei Regierung gebilt huet a kloer ass, wien d’Nofolleg iwwerhëlt. D’Koalitiounsgespréicher lafen den Ament nach.
Gregor Gysi Alterspresident, AfD Motioun zum Theema ofgeleent
Déi éischt Bundestagssëtzung an enger neier Legislaturperiod gëtt an Däitschland vum sougenannten Alterspresident geleet. Zënter 2017 ass dat dee Member vum Parlament, deen déi meeschten Amtsjoren um Bockel huet – an dësem Fall de Lénkepolitiker Gregor Gysi. Déi rietsradikal AfD wollt datt, nach ier d’Sëtzung konnt ugoen, änneren. D’Partei fuerdert, datt deen no Liewensjoren eelste Member sollt Alterspresident ginn – dat wier nämlech den Alexander Gauland vun der AfD.
De Bäitrag vum Mathias Kirsch
D’Motion gouf ofgeleent, de Gregor Gysi konnt d’Sëtzung du lancéieren. A senger Ried huet de Lénkepolitiker sech fir eng besser Diskussiounskultur am Parlament staark gemaach.
"Ich wünsche unserer Bevölkerung und uns einen lebendigen Bundestag, in dem ohne Beleidungen, ohne Beschimpfungen, ohne Unfairness durchaus hart gestritten, diskutiert und entschieden wird, und ich wünsche uns einen Bundestag, der noch näher an die Menschen herantritt, die wir hier vertreten."
Lo, wou deen neie Bundestag offiziell ugetrueden ass, ass déi Rout-Gréng Regierung just nach geschäftsféierend am Amt. De Bundeskanzler Olaf Scholz a seng Ministerinnen a Ministere krute vum Bundespresident Frank-Walter Steinmeier hir Entloossungspabéiere presentéiert.
Wéi gesäit den neie Bundestag aus?
En ass 103 Sëtz méi kleng wéi de Bundestag vu bis elo, mat 630 Deputéiert.
Fënnef Parteie wäerte vertruede sinn: D’Unioun, d’AfD, d’SPD, d’Bündnis90/Die Grünen an d’Linke. Den Undeel u Fraen am Bundestag läit vun haut u bei 32.4 Prozent. Also iwwer 2 Prozent manner wéi den ale Bundestag.