Radioen

On air

Notturno  |  Bartleby Delicate - Pame Mia Volta

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Däitsch-iranesche Regimmkritiker zu Teheran higeriicht

Iran

Däitsch-iranesche Regimmkritiker zu Teheran higeriicht

Den Iran huet deen däitsch-iranesche Regimmkritiker Jamshid Sharmahd higeriicht. Hie war zejoert zum Doud verurteelt ginn, wéinst presuméierter Bedeelegung un engem Attentat 2008 op eng Moschee am Iran, bei deem 14 Leit ëm d'Liewe komm waren.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance/dpa | Koosha Falahi/Mizan/dpa

Den däitsche Kanzler Olaf Scholz huet 'Hiriichtung vun deem 69-Joer ale Jamshid Sharmahd ee Skandal genannt. Et géif weisen, wéi onmënschlech de Regimm zu Teheran ass, esou den däitsche Regierungschef. 

Den Oppositiounschef Friedrich Merz fuerdert, datt den iraneschen Ambassadeur aus Däitschland elo misst ausgewise ginn. Och d'Mënscherechtsorganisatioun Amnesty International fuerdert Konsequenzen.