Radioen

On air

Notturno  |  LA Priest - It's You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'lescht Joer huet d'CNS 256 falsch Krankeschäiner entdeckt

CNS deelt mat

D'lescht Joer huet d'CNS 256 falsch Krankeschäiner entdeckt

Dat äntwert d‘Gesondheetsministesch Martine Deprez op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP.

auto_stories

1 min

D'Gesondheetskees hat jo an der lescht schonn e puer Mol viru falsche Krankeschäiner gewarnt, déi d'Leit sech online besuerge kënnen. Dat, ouni Consultatioun vun engem richtegen Dokter.

D'CNS huet 145 Assuréë identifizéiert, déi implizéiert sinn. Verschiddener hätten deemno scho méi wéi eemol falsch Krankeschäiner presentéiert. Bis elo wiere schonn an engen 100 Fäll Strofe gesprach ginn an déi falsch Krankeschäiner sinn annuléiert ginn. An 30 Fäll leeft d‘Enquête nach. 

D'CNS huet déi Fäll och un de Parquet weiderginn.