search

/ D’Videospill-Industrie zu Lëtzebuerg op den nächste Level bréngen

Gaming

|
headphones

5 min

headphones

11 min

play_arrow

D’Videospill-Industrie zu Lëtzebuerg op den nächste Level bréngen

Och zu Lëtzebuerg wiisst d'Videospill-Industrie. Zënter kuerzem wëll eng Associatioun méi Opmierksamkeet fir dës Branche generéieren. Wat der Luxembourg Videogame Association hir Ziler sinn huet de President Fred Neuen am 100,7-Interview gesot.

headphones

5 min

headphones

11 min

play_arrow
Fred Neuen, President vun der Luxembourg Film Academy & Luxembourg Video Game Association | © Radio 100,7
Fred Neuen, President vun der Luxembourg Film Academy & Luxembourg Video Game Association (Foto: Radio 100,7)

D’Luxembourg Videogame Association ass gëschter um Dënschdeg virgestallt ginn. D'Associatioun besteet net nëmmen aus de 15 Game-Developper, déi Spiller konzipéieren a programméieren. Den edukative Beräich mat den BTS-Klassen an der Programmatioun, wéi och der Entwécklung vu Videospiller sinn och en Deel.

De Fred Neuen, President vun dëser neier Federatioun, erkläert, datt de sougenannte E-Sport genau sou eng Roll spillt. Leit, déi Evenementer organiséieren oder Videospiller spillen, goufen deemno och mat an d’Boot geholl.

Diversitéit vun der Industrie

Et gouf laang individuell geschafft an elo gouf sech réischt national zesummegesat. Dat dréit dozou bäi, datt eng enorm Diversitéit opkënnt. All Entwéckler mécht seng eegen Zort Spiller. Dëst geet vun “Retro Arcade-Spiller” bis professionell “Simulatoren”, wéi beispillsweis e Kran-Simulator fir ArcelorMittal. Zu Lëtzebuerg wier dëst Nische-Produzéieren enorme wichteg.

Par rapport zu der Gréisst, déi d’Associatioun huet, ass d’Zil net riseg Produktiounen ze maachen. Et misst alles realistesch an a méi klenge Budgete bleiwen, wat un de méi klengen Ekippe läit. LVGA wëllt dowéint mat Originalitéit a Kreativitéit punkten.

De kreative Prozess an d’Programméieren ass heibäi nëmmen een Deel vun der Arabescht. Och de Marketing, fir d’Spill un de Gamer ze bréngen, ass enorm wichteg, erkläert de Fred Neuen.

“Et muss een am Fong quasi schonn ufänke Werbung fir säi Spill ze maachen, wärend ee säi Spill mécht.”

Éischt grouss Succèsen zu Lëtzebuerg

D’Finanzéierung vun dëse Projete spillt eng wichteg Roll. Ëmmer nees kréien et Leit hi mat hiren onofhängege Produktiounen op eegene Been ze stoen. Als Beispill nennt de Fred Neuen d’Parkourspill “Rooftops&Alleys”. Dat vun engem Lëtzebuerger entwéckelt Videospill gouf d'lescht Joer 400.000 Mol verkaf.

Dat vun engem Lëtzebuerger entwéckelt Videospill "Rooftops&Alleys" gouf d'lescht Joer 400.000 Mol verkaf.
Dat vun engem Lëtzebuerger entwéckelt Videospill "Rooftops&Alleys" gouf d'lescht Joer 400.000 Mol verkaf.

Fir e Videospill ze entwéckele brauch een ongeféier esou vill Leit, wéi ee fir en Animatiounsfilm brauch. Esou géife lauter nei Beruffer entstoen. Als Beispill nennt de Fred Neuen de Beruff vum Leveldesigner. Eng Persoun, déi determinéiert, wéi d’Spille-Experienz vum Spiller beaflosst gëtt.

Et wier awer och ëmmer méi einfach, säi Spill selwer ze entwéckelen. Duerch gratis oder bëlleg Software, Communautéiten an deenen een Hëllef beim Coading kritt, awer och KI, déi ëmmer méi performant gëtt.

D'Zil vun der LVGA

D’Zil vun der Associatioun wier awer kloer d’Zesummenaarbecht. Jiddereen huet bis elo a sengem Eck geschafft. Lo sollen all déi eenzel Reseauen zesummegeluecht ginn, fir eng Credibilitéit ze kréien. Esou wëlle si der Politik och kloer beweisen, datt e Potential an der lëtzebuergescher Industrie stécht.

“Wa mir keng Moyenen hunn, si mir scho gutt. Lo géife mir gäre kucken, wéi wäit kënne mir goen, wa mir ufänken, Moyenen ze kréien.”

De Prestige vun der Konschtform feelt

Zënter ronn 6 Joer si Videospiller déi wichtegst Form vun Entertainment weltwäit, mat engem Chiffre d’affaire dee méi grouss wéi dee vun der Film-, a Museksindustrie kombinéiert ass.

De Problem géif de Stigma duerstellen, datt Videospiller ëmmer brutal sinn. De Fred Neuen seet awer, datt et genau esou vill Diversitéit wéi bei der Filmindustrie géing ginn. Den eenzege Problem ass momentan, datt et nach net als Konschtform unerkannt ass. Do géif sech d’Industrie awer momentan an enger Transitioun befannen.

play_arrow Lauschteren