Radioen

On air

Notturno  |  Weyes Blood - It's Not Just Me, It's Everybody

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ “D’Stëmmung am Handwierk ass net gutt"

Neijoerschreceptioun vum Handwierk

“D’Stëmmung am Handwierk ass net gutt"

“D’Stëmmung am Handwierk ass net gutt.”, esou den Tom Oberweis op der Neijoerschreceptioun vun der Handwierkerkammer an der Handwierkerfederatioun um Kierchbierg. Nieft dem Bau géif et och an aneren Handwierksbranchen ee staarke Réckgank vun den Aktivitéite ginn, huet de President vun der Chambre des Métiers bedauert, an hien huet a Presenz vum Premier a fënnef weidere Regierungsmembere virun de kuerzfristege Risike gewarnt.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Neijoerschpatt Handwierkerkammer | © Serge Kesseler play_arrow
Foto: Serge Kesseler

Dozou géife méi Faillitten an ee Verloscht vun Aarbechtsplaze gehéieren. Wat d’Baukris méi laang dauert, wat et méi komplizéiert géif ginn, d’Wunnengskris an de Grëff ze kréien, esou den Tom Oberweis. Zefridden ass hien iwwer déi verschidden Antikrisemesurë fir de Bausecteur.

"Mir begréissen hei ausdrécklech d’Reaktivitéit vun der Regierung."

Déi gréisst Erausfuerderung fir déi nächst Jore wier ze wéineg qualifizéiert Personal. Dowéinst huet de President vun der Handwierkerkammer ënner anerem verlaangt ...:

"... sollt eng cibléiert Immigratioun aus Drëttlänner fir d’Handwierk een absolutte Must sinn."

Den Absenteismus bereet nees Problemer

Den Tom Oberweis huet een Appell un den Aarbechtsminister an un d’Gewerkschafte geriicht, well kleng a mëttelgrouss Entreprisë Problemer mam Cumul vu Congé-parentallen hätten.

"Mir mussen oppassen, datt d’Betriber an Zukunft och nach weider schaffe kënnen. An Zäite vun engem verstäerkte Manktem u qualifizéiertem Personal si familljepolitesch Extraen eng besonnesch Belaaschtung fir kleng Betriber."

Eng weider Suerg vum Patronat am Handwierk ass den Absenteismus, deen erëm géif klammen, esou den Tom Oberweis.

"Op deem Punkt si mir der Meenung, datt d’Regierung de Salarié méi an d’Responsabilitéit soll huelen, duerch eng Eegebedeelegung a Form vun engem Karenzdag oder enger reduzéierter Indemniséierung."

Wat de Sozialdialog ugeet ass de President vun der Handwierkerkammer der Meenung, datt deen an de Betriber géif funktionéieren. Léisungen dierften awer net vun “gewerkschaftlechen Dogmatismë” gepräägt sinn. 

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Wirtschaft