arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Spuerkeess wollt e Recours gracieux, fir datt d'CSSF-Strof net public gëtt

Caritas-Affär

|
headphones

1 min

D'Spuerkeess wollt e Recours gracieux, fir datt d'CSSF-Strof net public gëtt

An Zesummenhang mat der Strof vu bal 5 Milliounen Euro, déi d'Finanzopsiicht CSSF géint d'Spuerkeess an der Caritas-Affär decidéiert huet, hat déi staatlech Bank e sougenannte Recours gracieux agereecht. Dat ënner anerem fir ze verhënneren, datt d'Strof vun der CSSF géif public gemaach ginn.

headphones

1 min

© picture alliance / ZB | ERZ-Foto/Georg Ulrich Dostmann
(Foto: picture alliance / ZB | ERZ-Foto/Georg Ulrich Dostmann)

Dat geet aus der Regierung hirer Äntwert op dräi parlamentaresch Froe vun den Oppositiounsparteien déi gréng, LSAP an déi Lénk ervir.

Dat wier dann och d'Erklärung, firwat déi Responsabel vun der Spuerkeess der Chamber-Spezialkommissioun Caritas soten, si hätte sech un all Reegele gehalen, obschonns d'Strof weist, datt et Lacunne gouf.

Luc Frieden seet, hien hätt net Bescheed gewosst

Wéinst deem Recours vun der Bank hätt och de Finanzminister net ëffentlech iwwer der CSSF hir administrativ Strof géint d'Spuerkeess schwätze kënnen, obwuel hie schonn den 2. Mee vun der Bank iwwer eng méiglech Strof informéiert gouf, schreift de Gilles Roth a senger Äntwert.

De Premier Luc Frieden äntwert sengersäits, hien hätt, wéi hien de 19. Mee an der Chamber Spezialkommissioun Caritas ausgesot huet, net Bescheed gewosst iwwer der CSSF hir Strof géint d'Spuerkeess.