Radioen

On air

Tockcity  |  The Wombats - Sorry I'm Late, I Didn't Want To Come

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Sasha Baillie kéint nei Hofmarschallin ginn

Reporter.lu mellt

D'Sasha Baillie kéint nei Hofmarschallin ginn

D‘Sasha Baillie, Generaldirektesch vu Luxinnovatioun, kéint nei Hofmarschallin ginn. Dat huet Reporter.lu gemellt. Aktuell géife Verhandlunge mam Staatsministère iwwert den Aarbechtskontrakt lafen.

auto_stories

1 min

Maison du Grand-Duc | © Maison du Grand-Duc
Foto: Maison du Grand-Duc

Et wier imminent, datt si de Kontrakt un der Spëtzt vun der Maison du Grand-Duc ënnerschreift, esou nach Reporter. D‘Sasha Baillie géif viraussichtlech vum 1. Januar d‘nächst Joer un d‘Successioun vum Paul Dühr iwwerhuelen.

D‘Sasha Baillie ass aktuell d‘Generaldirektesch vu Luxinnovation. Si géif den Ierfgroussherzog Guillaume gutt kennen, schreift Reporter, well si hien op enger Partie Wirtschaftsmissioune begleet huet.

Wéi den Etienne Schneider Wirtschaftsminister war, war d‘Sasha Baillie seng Chef de Cabinet an diplomatesch Beroderin.