Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Justiz saiséiert 400 Mierschwéngercher zu Viichten

Déiereschutz

Justiz saiséiert 400 Mierschwéngercher zu Viichten

Rezent goufe 400 Mierschwéngercher bei Privatleit zu Viichten vun der Justiz saiséiert. D‘Situatioun wier ausser Kontroll gewiescht, mellt RTL. D‘Noperen haten d‘Autoritéiten informéiert.

auto_stories

1 min

© Adobe Stock
Foto: Adobe Stock

De privaten Déiereschutz krut den Optrag sech ëm d‘Situatioun ze këmmeren. Eng 92 Mierschwéngercher hu missen euthanaséiert ginn, well se gesondheetlech Problemer haten, ewéi Verfettung vun den Organer oder eng Deformatioun vun den Zänn.

De Gros vun den Deieren – eng 300 Stéck - huet bei Fräiwëllegen en neien Ënnerdaach fonnt. Den Déiereschutz vermëttelt d‘Mierschwéngercher awer. Interesséiert Leit kënnen sech beim Déiereschutz mellen.