Radioen

On air

Tockcity  |  The Wombats - Sorry I'm Late, I Didn't Want To Come

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Wunnen bleift eng Quell vu wirtschaftlechen Ongläichheeten

Observatoire de l’habitat

D'Wunnen bleift eng Quell vu wirtschaftlechen Ongläichheeten

Lëtzebuerg suergt duerch seng héich Immobiliepräisser an de Grenzregioune fir Spannungen: Dat steet an enger Note vum Observatoire de l’habitat, déi sech mat de Logementskäschten am Grand-Duché an an eisen dräi Nopeschlänner befaasst.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Hei am Land leien d’Präisser, beispillsweis an der Stad a ronderëm, bei iwwer 10.000 Euro de Meterkaree. A Frankräich dogéint maache si nëmme ronn 1.800 Euro de Meterkaree a Loutrengen aus, awer iwwer 3.500 no bei der Grenz. 

Tëscht 32,5 a 35 Prozent vum Akommes gi fir d’Wunnen drop

Obwuel d’Verkafspräisser zu Lëtzebuerg zënter dem 3. Trimester 2021 erofginn, ass den Immobiliemaart weider ënner Drock. Dofir sichen ëmmer méi Leit aus dem Grand-Duché en Doheem iwwert der Grenz. Dës ëmmer méi héich Demande féiert dozou, datt d’Präisser och do an d’Luucht ginn. Doduerch gëtt och fir Däitscher, Fransousen a Belsch do d’Wunne manner erschwénglech.

Wat d’Käschte fir d’Wunnen ugeet, hunn d’lëtzebuergesch Stéit virzejoert d’selwecht vill ausgi wéi franséischer a belscher, awer méi wéi däitscher: Hei am Land sinn 2022 an der Moyenne tëscht 32,5 a 35 Prozent vum Akommes fir d’Wunnen dropgaangen, an der Belsch 37,5, a Frankräich bal 33 an an Däitschland ronn 27,5 Prozent.

Zwou weider Zuelen nach: Zu Lëtzebuerg huet de Liewensniveau vu Locatairen tëscht 2012 an 2022 zwar ëm 46 Prozent ugezunn, allerdéngs hu si an deem Zäitraum och ronn en Drëttel méi fir d’Wunne bezuelt.

Inegalitéite beim Zougank zu Wunnraum

D’Ënnerscheeder tëscht engersäits Proprietären a Locatairen, an anerersäits tëscht de Länner maachen der Note vum Observatoire de l’habitat no, datt d’Wunnen eng Quell vu wirtschaftlechen Ongläichheete bleift. D’Inegalitéiten, wat den Zougank zu Wunnraum ugeet, wieren am Grand-Duché tëscht 2017 an 2022 weider gewuess, well et nieft der staarker Hausse vun de Präisser keng substanziell Hausse vun der Unzuel un neie Wunnenge gouf.

An den Defizit un erschwénglechem Wunnraum géif hei am Land virun allem d’Stéit mat engem niddregen Akommes treffen, sou nach d’Note.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Logement
National