Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Ninon - Come Pick Me Up

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwerschwemmungen a Rettungsasätz hu sech a Grenze gehalen

Bilan vum Héichwaasser

Iwwerschwemmungen a Rettungsasätz hu sech a Grenze gehalen

Nom ville Reen vu gëschter sinn d‘Peegele vun de Flëss a Baachen am gaangen nees erofzegoen. D‘Iwwerschwemmunge waren um Enn manner schlëmm, wéi gefaart gi war. No de Warnunge vu gëscht ware vill preventiv Mesure geholl ginn, déi och gehollef hunn, d‘Problemer a Grenzen ze halen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Déi rout Héichwaasser-Warnung, den héchsten Niveau, bleift bis op Weideres. Mee den Olivier Jeitz vum Waasserwirtschaftsamt erwaart sech, datt d‘Peegelen am Laf vum Dag weider erofginn

"An dass mir elo am Laf vum Dag, respektiv am Nomëtteg, d‘Alerte rouge warscheinlech erëm ophiewe wäerten."

Déi rout Warnung war gëschter Mëtteg ausgeruff ginn, an duerno ass zum Deel och dat geschitt, virun deem gewarnt gouf, nämlech d‘Cote d‘Alerte gouf iwwerschratt, an dat op véier Plazen: Zu Biissen, Miersch, Dikrech an Ettelbréck. 

Concernéiert Gemenge ware gutt preparéiert

Mee d‘Iwwerschwemmungen hu sech a Grenze gehalen: Zu Biissen war d‘Waasser zum Beispill awer net héich genuch, fir eng wichteg Foussgängerbréck an d‘Grand Rue ze iwwerschwemmen, sot eis de Buergermeeschter David Viaggi. Zu Ettelbréck gouf den Däich iwwerschwemmt. Dat wier ee gewinnt, an Ettelbréck wier éischter "gutt ewech komm“, seet de Buergermeeschter Bob Steichen.

"Et war gëschter relativ fréi gemellt ginn, dass d‘Cote d'alerte fir Ettelbréck géif iwwerschratt ginn. An da wësse mir eben och, wat dat bedeit fir den Däich."

Dofir war Parking um Däich och zur Zäit gespaart ginn. E soll viraussiichtlech muer de Moien nees opgoen. Grad fir de Gemengen, an de Rettungsservicer Zäit ze ginn, sech virzebereeden, wier et wichteg gewiescht, eng rout Warnung eraus ze ginn, esou den Olivier Jeitz vum Waasserwirtschaftsamt.

"Ee vun den Haapt-Piliere vun der Héichwaasser-Direktiv ass jo, och d‘Héichwaasservorsorge, dass e prett ass, wann eppes kënnt. An dozou gehéieren och Moossnamen, wéi elo déi Barrièren, déi op ville Plazen opgeriicht goufen, fir sech virum Héichwaasser ze schützen, a fir déif geleeë Flächen ze raumen. An alles dat ass och aktivéiert gi mat där Alerte rouge."

Dat hätt och derzou bäigedroen, datt d‘Asätz vun de Rettungsdéngschter sech a Grenze gehalen hunn. An Zesummenhang mam Héichwaasser mellt  de CDGIS engem leschte Bilan vun de Mëtteg no 7 iwwerschwemmte Kelleren, 20 Äscht oder Beem, déi op Stroosse gefall sinn, an een Accident, wou eng Camionnette an e Bam gerannt ass, deen op d‘Strooss gefall war, mee et bei engem liicht Blesséierte blouf.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
National