Radioen

On air

Ligne 2  |  Ligne 2

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Walen am Mali goufe nohanne verréckelt

Presidentewalen am Mali

Walen am Mali goufe nohanne verréckelt

D‘Presidentewalen am Mali si net wéi geplangt am Februar, mee ginn no hanne verréckelt. Dat huet d‘Militärregierung an deem westafrikanesche Land haut mat gedeelt. Als Grond huet d‘Regierung technesch Problemer genannt. En neie Wal-Datum gouf net annoncéiert.

auto_stories

1 min

Déi aktuell Militärregierung a Mali war virun iwwer zwee Joer duerch ee Putsch un d‘Muecht komm. D‘Sécherheetssituatioun am Land ass prekär. Islamistesch Gruppe kontrolléiere grouss Deeler am Norden an Zentrum vu Mali. D‘UNO-Missioun, mat ronn 12.000 Zaldoten, zitt sech bis d‘Enn vum Joer aus dem Mali zréck, dat op Fuerderung vun der Militär-Regierung.