Radioen

On air

Tockcity  |  JB Dunckel, Jonathan Fitoussi - Ghost Town

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Mamm vum Alexei Nawalny klot viru Geriicht

Nom Doud vum Kremlkritiker

D'Mamm vum Alexei Nawalny klot viru Geriicht

D‘Mamm vum russeschen Oppositiounsleader Nawalny huet viru Geriicht geklot fir d‘Läich vun hirem Jong ze kréien an ze begruewen. Fir Ufank Mäerz ass deemno eng Audienz geplangt.

auto_stories

1 min

Alexei Nawalny | © picture alliance/dpa | Christoph Schmidt
Alexei Nawalny (Foto: picture alliance/dpa | Christoph Schmidt)

Déi russesch Autoritéite wëllen d‘Läich eegenen Aussoen no nach zwou Woche laang ënnersiche fir d‘Doudesursaach ze ërmettelen. Dem Alexei Nawalny seng Supporter reprochéieren der Regierung Beweiser wëllen ze vertuschen. D‘EU hat eng international Ënnersichung gefuerdert wat de Kreml net acceptéiert huet. 

Gëschter hunn d‘USA dann nei Sanktioune géint Russland decidéiert. Et géif sech ëm e grousse Sanktiounspak handelen, deen d‘US Regierung iwwermuer géif virstellen, sot de Chef vum nationale Sécherheetsrot, John Kirby, zu Washington. Weider Detailer huet hien nach net ginn.