Radioen

On air

Notturno  |  Schlofardi - Flouer Power

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Lynn Warken ass nei Presidentin vum Presserot

Lëtzebuerger Press

D'Lynn Warken ass nei Presidentin vum Presserot

De Lëtzebuerger Presserot kritt eng nei Presidentin. D’Direktesch vum Lëtzebuerger Journal Lynn Warken iwwerhëlt d’Mandat fir déi nächst zwee Joer. Dat deelt de Presserot an engem Schreiwes mat.

auto_stories

1 min

De Roger Infalt deen d’Presidence déi lescht zwee Joer hat, gëtt Generalsekretär. All zwee Joer gëtt fir d’Mandat tëschent Editeuren a Journalisten ofgewiesselt. De Presserot ass iwwerdeems lescht Woch an en neit Gebai geplënnert an huet haut seng éischt Plenière mat den am Ganze 16 Editeuren a Journalisten an den neie Raimlechkeeten ofgehalen.